
Dëst Joër gett ërem en Kul-Tour gefuer. Ennert der Leedung vum Mike Koedinger geet een, wei gewinnt, ereischt den Dag sälwer gewuer, wou et hin geet.
Départ as Samsdes, den 30. Mee Moies fréi zu Brouch bei der Kierch, mir waerten och zesummen Iessen (net vun der AMAL bezuelt) an am Nomëtten sin mer zëreck. Weider Détailer kommen nach no, sief et hei, oder an eisem Whatsapp-Grupp oder op eiser Facebook Säit.
Umelden bis den 23. Mee op info@amal.lu oder beim Mike Koedinger op der Nummer: 691 509 288