Chargement Évènements

« Tous les Évènements

Kickstart-Go!

April 11 @ 14:00 - 17:00

Den eischten AMAL-Tour vun der Saison, Samsdes den 11. Abrëll.

Getraff gëtt sech, wéi üblech, um 13h00 zu Brouch bei der Kierch, den Départ ass fir 13h30 virgesinn. Mir wäerten e klengen Tour zesumme maachen an da kucken, fir iergendwou op enger Terrass eppes Klenges ze drénken, wann d’Wieder et erlaabt.

Vläicht ass jo ee vun eise Memberen dobäi, deen eng Iddi fir esou en Tour huet an dat gär iwwerhuele wëll. Mellt Iech einfach op info@amal.lu oder rufft eis un. Wann et de Weekend sollt reenen, da haalt Är Aen an Oueren op WhatsApp a Facebook op – et kéint dann sinn, datt den Tour ausfält. Wien keen WhatsApp oder Facebook huet, kennt bestëmmt eng Telefonsnummer vun engem, deen informéiert ass.

Details