MUL Tour 2022

D’AMAL war vun der Moto Unioun Lëtzebuerg gefrot ginn, fir am Kader vun hirem Centenaires-Mototour och en Tour fir al Motorrieder ze organiséieren. Mir haten zougesot an hunn eis frei moies den 9. Oktober, bei schéinem mee kalem Wieder, zu Brouch getraff.

Vun do aus hunn mir en schéinen Tour vun ongefeier 40 Kilometer, ënnert der Leedung vun eisem Club Sekretär, dem Fränz Scheck, duerch den Osten vum Land gemaach. Kuerz virun Mëtteg hunn mir Mëttegpaus zu Rippig gemaach, wou den Motosclub Les Iguanes fir en Mëttegiessen gesuergt hat.

Kuerz drop goung et dunn weider an Richtung Schëffleng, wou d ‘Motor Unioun Schëffleng eng Ausstellung zu hirem 90 Jäeregen Bestehen organiséiert hat.

« of 13 »

Leave a reply