Sammy Miller Motorcycle Museum

Mëtt September dëses Jores hat et den Auteur vun dësen Zeilen op déi Britesch Insel verschloen, dëst vir en Besuch vum Goodwood Revival (wonnerbaren Event, ech kann et nëmmen allerwäermstens empfeelen). Am Kader vun dem Ausfluch hunn ech dann awer och nach d ‘Geleeënheet ergraff, fir endlech eng Kéier den Sammy Miller Motorcycle Museum an der Uertschaft New Milton, dëst an der Grofschaft Hampshire, besichen ze goen

Den Sammy Miller, den Mann, den hannert dem Numm vum Musée stécht, ass eelef-fachen Briteschen Meeschter am Trial an huet am Laf vun senger fofzegjäereger Carrière iwwer 1400 Mol um ieweschten Träppchen vum Podium gestan. Et kann een also soen, den Mann hätt en gewëssent Gewiicht wann et em Motorrieder geet.

En aussergewéinlechen Ruff huet allerdéngs och den Musée, den dem Sammy Miller säin Numm dréit. An den Ruff gëtt och direkt hannert der Entréesdier bestätegt. Ech behaapten mol, dass jidderengem, den des Zeilen liest an dowéinst wahrscheinlech en gewëssen Intérêt un ale Motorrieder huet, den Kënn erof klappt wann en hei eran kënnt. Sou munnecher wäerten sech stëll froen, wien oder wat se doheem verkafen oder iwwerfalen mussen, fir sech am Geigenzuch just e puer vun den hei presentéierten Maschinnen kennen doheem an d ‘Garage ze stellen. Mee och dann hätten déi Meescht vun eis nach Problemer, fir sech fir déi eng oder déi aner Maschinn ze entscheeden.

Direkt an der Entrée krit een geroden, ongeféier véier Stonnen fir d ‘Visite vum Musée virzegesinn. Esoulaang een just d ‘Motorrieder wëllt kucken misst dat och duer goen. Wëll en awer och déi Dausende vun Accessoiren, Plakater, Erklärungsschëlder an anerem Kreemchen kucken, huet een vläicht besser direkt en ganzen Dag an d ‘Aen ze faassen.

Fir den klengen Honger zwëschenduerch ass och gesuergt; am Haff vum Musée fënnt een en Tea House mat Sëtzgeleeënheeten, wou et Gedrénks an eppes Klenges fir ze iessen gëtt.

Iwweregens; d ‘Stiedchen New Milton läit um Bord vum New Forest National Park, engem fantastesche Naturschutzgebidd, wou een vill schéin Trëppeltir ënnerhuelen kann. Sollt d ‘Begleedung also keng Loscht op en Dag voller Brough Superiors, NSU Rennmaxen, Moto Guzzi V8’en oder aneren, zweeriederegen Schätz hunn, esou kann een se och einfach an den Bësch schécken! Et wier awer ubruecht, se owes och erëm an den Bësch sichen ze goen...

Klickt iech hei ënnendrënner duerch d‘Billergalerie…

« of 65 »

Leave a reply