Saroléa Expo Bréissel 2022

Vum 15. August bis den 18. September  2022 haten Amateuren vun der belscher Marque Saroléa d’ Méiglechkeet, eng quasi eemoleg Ausstellung zum Sujet am Bréisseler Autoworld Musée ze besichen.

75 Maschinnen vun der Marque vun Herstal waren op apaart Aart an Weis tëschent enger Hellewull un Plakaten, Dokumenter, Reklammen an weideren Accessoiren presentéiert. Dat ganzt an der iwweraus beandrockender Kulisse vum Parc du Cinquantenaire, engem Foire’s Gebai aus dem freien 20. Joerhonnert, gebaut op Uerder vum Kinnik Léopold den II.

Konnt een um Rez-de-Chaussée quasi d’Totalitéit vun der Ziviller Gamme vun Saroléa bewonneren, esou wäert et awer den éischten Stack gewiescht sinn, bei dem esou munnechen Frënd vun der Marque d ‘Stären gesinn huet. Eng enorm Unzuel an Auswiel un Course Saroléa’en, esouwuel Wierks Maschinnen ewéi och Client‘s Renner, stoungen hei Spaléier. Amateuren vun der Marque wäert sech wuel kaum nach eng Kéier esou en Bild bidden.

Déijéineg, deenen no dësem Ubléck nach Otem iwwereg bliwwen war, hunn gutt drun gedoen, sech den Räscht vum Musée och nach unzekucken. Mat villen weideren, schéinen Äusstellungsstëcker (op zwéi wei och op véier Rieder) gëtt sech hei nach hemmungslos um Verbrennungsmoteur gefreet.

« of 54 »

Leave a reply