Tour de Provence 2022

Am August dëst Joer hunn op en Neits e puer AMAL Memberen um Tour de Provence pour Motos Anciennes deelgeholl. Dësen Tour, fir Motorrieder virun 1945, huet vum 24. bis 28. August  zu Senas/Montclar am Süden vun Frankräich stattfonnt.

 

Organiséiert fir déi 31. Kéier vum Moto Club Sénas Durance, ass den Tour de Provence fir seng aussergewéinlech schéin Streckefeiereung bekannt. Iwwert fënnef Deeg sinn insgesamt 1037 Kilometer zeréckgeluecht ginn, dat alles ob Dagesetappen vun duerchschnëttlech 207 Kilometer.

 

Fir dei, dei bei daer nächster Editioun wëllen dobäi sinn, geet et hei op d’WEBSITE vum Moto Club du Senas.

Hei ënnendrënner kënnt der Iech duerch d ‘Galerie vun den Biller klicken…

« of 42 »

 

Leave a reply