Dëst Joer huet d'AMAL fir d'eischten Keier en Stand um History Vehicles zu Lasauvage. Dës Weideren organiseiert d'AMAL och zesummen mam Kiwanis vun Esch d'Expo Born to Race, eng Äusstellung vun aalen Rennmaschinnen an der Kierch um Site. Ze gesin gett et legendär Rennmaschinnen äus denen läschten Joërzëngten, alles an engem exceptionellen Kader. An als Kiischt um Kuch gin och verschiddener vun denen Maschinnen iwert den Weekend ugemaacht. Lasauvage waert wackelen...
Den Motostour vum 2. September feiert eis op den History Vehicles Lasauvage, wou d'AMAL en Stand huet an d'Expo Born To Race mat Rennmaschinnen äus den läschten 7 Joerzëngten organiseiert. Rendez-vous as um 1oho0 um Parking vun der Kierch zu Brouch, niewend dem Relais Bausch. Départ as um 10h30! Et geet op engem Tour vun 60-70km Richtung Lasauvage, wou d'AMAL den Participant'en vum Tour den Entrée fir den History Vehicles offreiert. Um Site gett et eng sëllegen Meiglechkeeten fir zu Mëtteg z'iessen. Fir dësen Tour muss een sech net umëllen.