Eisen traditionellen Staminet. Ab 19h zu Beiwen un der Atert am Béiwener Eck. Well den Staminet op Karfreideg fällt bidd eist Stammlokal, den Beiwener Eck, och gebaakene Fësch un. Wien esoueen iessen wëll (ganzen Fësch oder Filet), muss den bis Freides, den 27. Maerz op info@amal.lu oder um 621 323 202 reservéieren.
Den eischten AMAL-Tour vun der Saison, Samsdes den 11. Abrëll. Getraff gëtt sech, wéi üblech, um 13h00 zu Brouch bei der Kierch, den Départ ass fir 13h30 virgesinn. Mir wäerten e klengen Tour zesumme maachen an da kucken, fir iergendwou op enger Terrass eppes Klenges ze drénken, wann d’Wieder et erlaabt. Vläicht ass jo ee vun eise Memberen dobäi, deen eng Iddi fir esou en Tour huet an dat gär iwwerhuele wëll. Mellt Iech einfach op info@amal.lu oder rufft eis un. Wann et de Weekend sollt reenen, da haalt Är Aen an Oueren op WhatsApp a Facebook op – et […]
Den 03. Mee 2026 fënnt zu Dinant den Rallye Gillet statt. Dësen, iwer 100 Joer aalen Rallye just fir Motorrieder vun der Belscher Marque Gillet-Herstal as en 'incontournable' fir all Amateur vun der Marque. Weider Informatiounen kommen op dëser Plaaz nach no...