-
Samschdes, den 30. Mee fënnt dëst Joer erëm eisen Kul-Tour statt. Wéi ëmmer bleift d’Destinatioun eng Iwwerraschung, mee ech kann Iech versécheren, datt och dës Editioun eng eemoleg Visitt bereet hält, déi et net ze verpasse gëllt. Op där Visitt gëtt och zesummen zu Mëtteg giess. Dëst Iessen gëtt NET vun der AMAL bezuelt a muss vun all Participant selwer iwwerholl ginn. Wichteg: Fir dës Editioun vum Kul-Tour muss ee sech onbedéngt am Viraus umellen. Aus assurancetechnesche Grënn kann keen, deen net ugemellt ass, matgeholl ginn. Umelle kënnt Dir Iech bis den 23. Mee entweder op info@amal.lu oder beim Mike […]