7ème Promenade Gillet-Herstal zu Dinant

Den 30. Abrëll 2023 hunn e puer vun eisen Memberen un der 7ème Promenade Gillet-Herstal zu Dinant, an der Belsch, deelgeholl. Dësen flotten Event, all 3 Joer vum Vincent Derdeyn an Yves Campion fir den RVMCB organiséiert, ass fir Motorrieder vun der Marque Gillet reservéiert, egal ob se an der Belsch (Herstal), Frankräich (Jeumont) oder an Italien (Mailand) gebaut ginn sinn.

Moies um 7h30 gouf sech bei der impressionanter Citadelle de Dinant  fir den Kaffi & Croissant getraff, ier den Tour um 9h fort gaang ass. Op ca. 150 Kilometer haten d’ Chaufferen vun den Belschen Maschinnen d’ Geleeënheet, d’ Emgéigend vun Dinant ze entdecken.

Owes ass sech dann erëm bei der Citadelle afonnt ginn fir zesummen en Patt ze drénken, eppes Klenges z’ iessen, den Dag mat Gläichgesënnten Revue passéieren ze loossen an déi villfälteg Panoplie un aussergewéinlechen Maschinnen vun der Marque Gillet, déi um Tour deelgeholl hunn, ze bestaunen.

D’AMAL-Memberen, déi den Dag do waren, soen den Organisateuren Merci fir den flotten Event.

Kuckt hei ënnendrënner d’ Galerie mat den Biller vum Dag...

« of 28 »

 

Leave a reply