Am Laf vun der Mënschheetsgeschicht si mir ëmmer nees Zeie vun daer enger oder anerer oppener Rechnung tëscht zwee Protagoniste ginn. De Schema war meeschtens ëmmer datselwecht: Protagonist A beleidegt de Protagonist B, deen sech Wochen, Méint oder souguer Jore méi spéit mat Genugtuung fir den Affront rächt. Et denkt een nëmmen un den Alexandre Dumas a säi Grof vu Monte Christo, de Muhammad Ali géint den Ernie Terrell oder de Ferruccio Lamborghini géint den Enzo Ferrari. An da war do nach dat gëllend Pony an d'Tour de Provence. Mee lues, alles der Rei no …
Meng Passioun fir Virkrichsmotorrieder huet viru gutt zéng Joer ugefaangen, nodeems mir eng extrem rar Sportmaschinn vun der belscher Mark Saroléa zougelaf war an ech deemools souwisou op der Sich no enger neier Erausfuerderung op zwee Rieder war. D'Custombike-Welt an déi domat verbonne Visite beim Contrôle technique mat ëmgebauten Motorrieder hunn mir no an no Gallesteng abruecht. Do koum mir déi liicht verréckt Zeen vun de Virkrichsmotorrieder mat hiren groen Mécaniques-Zauberer an hiren ongleewlechen Reparaturen um Stroosserand mat eidelen Cola-Bëchsen, Gripzangen, Kabelbinder an allem, wat esou eng Stroosseböschung un Dreck hiergëtt, grad recht.

Parallel zu der Zuel vun de Virkrichsmaschinnen an der Garage doheem ass och de Frëndeskrees vu Gläichgesënnten gewuess, an déi éischt Ausflich iwwer e puer Deeg an d'Ausland stoungen um Programm. Dobäi war ëmmer nees vun der Tour de Provence a Südfrankräich rieds, an éier ech mech versinn hat, stoung mäin Numm och schonn op der Lëscht vun de Participanten. Et heescht jo bekanntlech, datt een am Liewe vun Zäit zu Zäit an dat kaalt Waasser sprange soll, net laang nodenken, mee einfach maachen, oder? Blöd war nëmmen, datt ech eigentlech keng passend Maschinn fir dës Tour an der Garage stoen hat. D'Saroléa war mir dann awer ze rar an ze wäertvoll, fir se fënnef Deeg laang iwwer holpereg Stroossen a materialkillend Biergpäss ze joen. Also koum kuerzerhand, fir genee ze sinn: sechs Woche virum Start vun der Tour, en neie Moto an de Stall, eng Gillet Herstal 400 L vun 1935.
Zouginn, et war vläicht net déi schlaust Entscheedung, mat enger bal onerfuerener 90-Järeger esou eng Tortur op sech ze huelen. Mee wéi heescht et esou schéin: Ignoranz ass d'Konscht, mat oppenen Aen net wëllen ze gesinn. An wie war dat scho mei mam Sprong an dat kaalt Waasser …?
Nei Pneuen, eng nei Ketten, e puer weider Upassungen an e puer Testfaarten an der Géigend hu misse duergoen, fir dat Gëllend Pony op hir grouss Tour virzebereeden (no e puer lëschtegen Owender mat de Kolleegen ëm de Kuelegrill hat déi kleng, ongewollt gëllen Gillet séier hiren Numm kritt).

Mee et koum, wéi et komme misst: Déi géi Montéeën am Vercors hunn hiren Tribut gefuerdert, an esou huet de klenge belsche Säiteventiler schonn um zweeten Dag vun der Tour an enger géiher Montée säi Liewen um Stroosserand äusgehäucht. Déi laang unhalend Steigungen, Temperaturen iwwer 40 Grad an net zulescht de Fait, datt ech den zweeten Moien vergiess hat, den Uelegkrunn vum Motor opzemaachen, hunn dozou gefouert, datt ech déi reschtlech dräi Deeg vun der Tour moies all deenen, déi fortgefuer sinn, nach no gewonk hunn, an der Tëschenzäit meng seilesch Wonne geleckt hunn an owes bei hirem Retour deenen, déi den Dag op eegene Rieder iwwerstanen haten, nach eng Kéier zougewonk hunn. Wat eng Schan! De Stachel souz déif …
Zäitsprong an d'Joer 2026. Dat Gëllend Pony hat mëttlerweil eng komplett Motorrevisioun hannert sech a sech iwwer déi lescht Joren an op ville Rondfaarten an Zäitrallyeen als ëmmer zouverlässegt Päerdchen en makellosen Ruff erfuer. Déi déif sëtzend Wonn vun der Tour de Provence, déi zwar uewerflächlech verheelt war, drënner awer nach ëmmer fir staark Péng gesuergt huet, sollt endlech richteg behandelt ginn. De Stachel huet misse raus!
An esou koum et, datt dat Gëllend Pony sech op engem fréie Mëttwochmoien am August 2026 op de Wee gemaach huet, der opgoender südfranséischer Sonn entgéint, fir un der 35. Editioun vun der Tour de Provence vum Moto Club Sénas Durance deelzehuelen.

Déi éischt Etapp huet vum alljärleche Startpunkt, dem Maartplaz vum klenge Stiedchen Sénas, a Richtung Ardèche gefouert. 197 Kilometer laang ass déi kleng Gillet Herstal bei Sonn an 30 Grad Celsius iwwer verwonke Stroossen a Richtung Vallon-Pont-d’Arc galoppéiert, dat fir déi nächst véier Deeg d'Heemecht vun enger Honnertschaft vu richteg motorradverréckten Enthusiastë sollt ginn.
Iwwer déi verwonke Stroosse vun de Gorges de l’Ardèche, laanscht de berühmte Pont d’Arc, huet de klenge belsche Säiteventiler säi Wee gemaach, ouni och nëmmen eng Kéier en Zündfonk ze verpassen. E Laachen louch mir am Gesiicht. E perfekt funktionéierenden, 91 Joer ale Moto, wonnerschéi Strecken, immens Ausblécker an ëm mech ronderëm eng Dose Frënn, déi all déiselwecht Begeeschterung fir Motorrieder gedeelt hunn, déi schénge wéi aus enger anerer Zäit gefall ze sinn. Häerz, wat wëlls du méi?
Mee opgepasst: Déi leschte Kéier war den éischten Dag jo och nach reiwungslos verlaf. Also d'Zil net aus den Ae verléieren!
D'Preparatioune fir den zweeten Dag hu gewisen, datt et dem Gëllene Pony anscheinend glänzend goung. Also eng kleng Routinekontroll vun alle wichtege Schrauwen, en Drëppeglas Motorueleg nogefëllt, d'Ventilféierunge geuelegt – an lass goung et op déi zweet Etapp.

Eng liicht Feelinterpretatioun vun den GPX-Donnéeën huet dozou gefouert, datt zwee Lëtzebuerger op hire Gillet-Herstal-Maschinnen déi 177 Kilometer vun der Dagesetapp zwar hannert sech bruecht hunn, allerdéngs an déi entgéintgesate Richtung wéi all déi aner Participanten. Expertentipp: D'Gorges de l’Ardèche sin an den fréie Moiesstonnen däitlech méi roueg, d'Aussiichtspunkte si verloos an d'Stroossen huet een quasi ganz fir sech eleng.
Bei der Mëttegspaus um halwen Wee hu mir zwangsläefeg nees bei de Rescht vun de Participante fonnt a sinn op Reen-Overalen an naass Schong gestouss. Sollten d'Gëtter vun de Kuerbelwellen an Zündmagneiten hir schützend Hand tatsächlech iwwer dat Gëllend Pony, hire Reider a seng Gefollegschaft halen? Op alle Fall ware den Kolleeg an ech déi eenzeg, déi op der desjäreger Tour de Provence net eng eenzeg Drëps Reen ofkrut hunn.
Drëtten Dag. Kinneksétapp. 233 Kilometer a Richtung Norden, laanscht d'Route des Sucs. Dobäi goufen et eng ganz Rei Héichtemeter ze iwwerwannen, an als Kréinung stoungen 137 Kilometer ouni Méiglechkeet fir nozetanken um Programm. Mam klengen Néng-Liter-Tank vun der Gillet sollten 150 Kilometer ze packe sinn. Mee géif dat och nach gëllen, wann dee schmächtegen 400er-Säiteventiler bei all deene Biergmontéeë permanent un der Gurgel géif geholl ginn?
Also gouf moies nees den obligatoresche Schotz Motorueleg nogefëllt, d'Ventilféierunge geschmiert, all d'Schrauwe kontrolléiert an zur Sécherheet déi zwou Bensinsfläsche mat jee annerhallwem Liter opgefëllt, déi den verséierten Gillet-Fuerer am Virfeld extra fir dës Etapp am Internet bestallt hat. Dës Kéier sollt näischt dem Zoufall iwwerlooss ginn.

D'Faart bis bei de Lac de Saint-Martial, e pittoresk geleeëne Biergséi, un deem sengem Ufer d'Organisateure vun der Tour eng Kéier méi fir e leckert regionalt Mëttegiessen gesuergt haten, sollt der Gillet Herstal awer esou munches ofverlaangen.
Mee och kilometerlaang Biergop-Passagen, gefollegt vu falsche Flaachetappen, déi optesch komplett flaach ausgesinn hunn, enger 91 Joer aler Belscherin mat genee esou ale Päerdsstäerkten am Kurbelgehäis awer näischt virmaache konnten, an déi dënn Loft – dat alles konnt dem Gëllene Pony keen Misère maachen. Daper ass d'Gillet duerch d‘ Biergpanorame galoppéiert, wéi wann se eréischt gëschter zu Jeumont zesummegeschrauft gi wier.
Och beim Reider huet sech deen Owend lues a lues eng gewësse Rou agestallt. Et huet ganz esou ausgesinn, wéi wann et dës Kéier klappe géif.
Véierten Dag, an eppes Komesches ass geschitt. Mee dozou muss ech e bëssen aushuelen.
Wann een mech freet, ob ech léiwer mat menge moderne Motorrieder oder awer mat den ale fueren, soen ech ëmmer, datt een déi zwou Saachen net matenee vergläiche kann. Meng modern Maschinne fueren ech aus Freed um Motorradfueren: wéinst de Schréiechlagen, der Beschleunegung a virun allem wéinst deem Gefill, dat sech am Kapp breetmécht, wann een un näischt anescht denkt wéi un d'Strooss an d'Maschinn. Dat Eenzegt am Liewen, bei deem ech komplett ofschalte kann.
Déi al Maschinne fueren ech dogéint aus Freed un der Mécanique. Et sinn déi laang Wanterowender a Weekender an dem Atelier, bis un d'Ielebéi an dem Geträips vun engem ale Motor, deen nach méi al ass wéi meng eegen Elteren. Dëse Motor nees zum Liewen ze erwechen, nodeems een all eenzel Schrauf mam Virnumm kennt. Sech wärend der Faart ze froen, wat dëse Moto wuel schonn alles erlieft huet. Wou war en, wéi ech selwer op d'Welt komm sinn? Wéi d'Mënschheet op den Mound geflunn ass oder wéi d'Mauer gefall ass? Fantastesch!
Dat mentalt Vakuum awer, dat sech op moderne Motorrieder astellt, ass hei net méiglech. Ze dacks dréien d'Gedanken ëm déi scho genannten Schrauwen, mat deenen ee per Du ass. Halen se wuel? Kënnt dat Geräisch, dat ee mengt zanter e puer Kilometer ze héieren, aus dem Motor oder ass et einfach nëmmen den Auspuff vun dem virdrun? Un e richtegt Ofschalte vum Kapp ass net ze denken.

Iwwer 209 Kilometer goung et duerch de Parc naturel régional des Monts d’Ardèche an duerch d'Naturschutzgebitt vum Grand Tanargue. Direkt am Ufank stoungen ellenlaang Biergop-Passagen um Programm, bei deenen all falsch geholl Kéier an all net ganz perfekt Gréiers an der handgeschalter Véiergang-boîte iwwer Victoire oder Néierlag am Kampf géint d'Steigung entscheet hunn. Sinn et hautdesdaags an der MotoGP Zéngtel- oder Honnertstel-Sekonnen, déi den Ënnerscheed maachen, esou sinn et an eiser uelegdrëpseger Virkrichswelt véier oder fënnef km/h.
Déi kilometerlaang Biergabfaart erof bis bei de Château de Castanet um Lac de Villefort sollt dat Gëllend Pony a säi Reider awer nach eng leschte Kéier op d'Prouf stellen. Bal eng Stonn laang si mir iwwer holpereg Pisten voller Schlaglächer an Kräsi a Richtung Mëttegspaus getjuppelt. Et huet geknuppt a gekraacht aus allen Ecken an Enner, souwuel um Moto wéi och beim Fuerer.
Mee och dëser Tortur huet déi kleng Gillet ouni ze kloen standgehalen. De Fuerer dogéint huet seng Péng den Owend mat engem zousätzlechen Apéritif misse behandelen.
An esou koum et, datt sech op de leschten 100 Kilometer vun der heiteger Etapp dat uewen ernimmt Gefill am Kapp agestallt huet. Déi Oktan-Trance, déi mäi Liewen eréischt liewenswäert mécht. Sollten dat etwa déi bescht 100 Kilometer op zwee Rieder a mengem Liewe gewiescht sinn?

Déi fënneft a lescht Etapp huet eis iwwer 147 Kilometer aus der Ardèche zeréck a Richtung Sénas gefouert, dat klengt Stiedchen, dat zanter 35 Joer Start- an Zilpunkt vun der schéiner Tour de Provence ass. D'Etapp war e Kannerspill. Dat Gëllend Pony war iwwer déi lescht fënnef Deeg an 1.100 Kilometer gelaf, wéi wann et eng Kavallerie vun honnerte Streitrösser kéint uféieren – bon, op d'mannst bis 70 km/h.
No där éischter Tour de Provence, bei där ech déi kleng Gillet Herstal enger Aufgab ausgesat hat, déi si net packe konnt – ouni hir Schold, well eigentlech war meng eegen Dommheet schold –, hat ech mir geschwuer, nëmmen nach eng Kéier zeréckzekommen, fir dës oppe Rechnung ze begleichen.
Haut awer kann ech déi nächst Participatioun kaum erwaarden.
Mäi Merci geet un d'Organisateure vum Moto Club Sénas Durance an un all déi vu menge Frënn, déi mir gehollef hunn, aus menger 400 L esou e verlässlechen, 91 Joer ale Moto ze maachen.
Wat as da Gëllend Pony?
D’Gëllend Pony ass eng 400-cm³- Säiteventiller Maschinn mat an enger Leeschtung vu ronn 15 PS vun der belscher Mark Gillet Herstal (net ze verwiessele mam franséische Konstrukteur René Gillet). Vun 1919 bis 1959 huet Gillet Herstal zu Herstal an der Belsch Motorrieder vun verschiddenste Bauaarte produzéiert – vun der Zwee-Takt-Maschinn Tour du Monde, déi, wéi hiren Numm et scho seet, an den 1920er-Joren en Tour em d‘Aerd gemaach huet, bis hin zu erfollegräiche Grand-Prix-Maschinnen.
Dës 400 L aus dem Joer 1935 huet d'Besonneschkeet, eng sougenannt Gerkinet-Gillet ze sinn. Dës Maschinne goufen an der Mëtt vun den 1930er-Joren am franséische Jeumont zesummegebaut. Fir déi héich Importztaxen ze ëmgoen, hat Gillet Herstal déi franséisch Firma Gerkinet iwwerholl, fir do aus importéierte belsche Einzeldeeler komplett Motorrieder zesummenzebauen. Zu de Charakteristike vun dëse Maschinne gehéieren e verchromten Tank a verchromte Schutzblecher.
Genee dësen Ëmstand sollt der 400 L méi wéi aacht Joerzéngte méi spéit zu hirem Spëtznumm verhelfen. Chrom kann am Laf vun de Joerzéngte schliisslech emol ofbliederen. Dem eelerenVirbesëtzer war et iergendwann ze vill ginn, sech un de schaarfe Kante vum ofbliedernde Chrom d'Fangeren opzeschneiden. Also huet hien den Tank, d'Felgen an d'Schutzblecher generéis mat transparentem Vernis ugestrach. Dëse gouf duerch d'Sonneliicht am Laf vun de Joren awer ëmmer méi gielzeg, soudatt d'Gillet Herstal haut an engem gëllene Gewand do steet.

Weider Biller vum Tour gin et an der folgender Galerie: