Am alen Zwier 2022

Fir déi 3. Editioun vum ‘Am alen Zwier‘ hätt d ‘Wieder net kéinten besser sinn. Frei moies, den 13. August, hunn sech eng gutt Dose Motorrieder mat Baujoer virun 1950 souwéi en Grapp voll Trakteren aus der selwechter Epoch beim Mike Koedinger zu Brouch afonnt. Bei engem waarmen Kaffi an enger klenger Stäerkung huet den Organisateur Nic Laroche den Gäscht, alleguer passend zum Thema am alen Zwier gekleet, déi éischt Etapp vum Dag virgestallt. Fir déi, déi selwer net konnten mat engem Motorrad oder engem Trakter deel huelen, stoung en Unhänger mat Sëtzplaze bereet, den d ‘Gäscht an gemittlechem Tempo zu dem éischten Stop vum Dag bruecht huet (et heescht, ob dësem Unhänger wieren weider, kleng Stäerkungen ausgeschenkt ginn).

No ongeféier 30 Kilometer Gefiers hunn sech d ‘Motorrieder wei och d ‘Trakteren souwéi d ‘Touristen vum Unhänger all bei der Biekerecher Millen zeréck fonnt. Hei stoung eng Visite vun der aler Seeërei an dem Millemusée um Programm. Béides gouf mat engem Patt am Café Millespënnchen ofgeschloss.

Kuerz drop huet sech déi al Mécanique erëm an Beweegung gesat, vir iwwer verwenkelt Stroossen an Weeër déi al Motoren lafen ze loossen. Am freien Nomëtten hunn sech dann Zwee- an Véier Rieder um Terrain vum Ansebuerger Schlass zeréck fonnt, wou den Clubmember Gabriel Honnert zesummen mat Fra an Duechter en wonnerbaren Nomëttes-Brunch preparéiert haten. Bei éischtklasseger Verfleegung konnt en hei d’Geleeënheet notzen, sech vum Oldtimer-Fotograf vun Old-Rides.lu mat senger Maschinn fotograféieren ze loossen an am Schied vun den alen Beem zesummen mat Kollegen den Dag auskléngen loossen.

En groussen Merci und d ‘Organisateuren an déi hëllefend Hänn, déi den desjäeregen ‘Am Alen Zwier’ zu engem flotten an gemittlechen Dag gemaach hunn.

Merci och un Old-Rides.lu fir déi vill, schéin Fotoen.

Mir freeën ei op déi nächst Editioun...

Klickt iech hei ënnendrënner duerch d‘Billergalerie…

« of 46 »

…an kuckt den Video.

Leave a reply