Restauratioun H-D Flathead Motor (Deel 2)

Den Een oder Aneren kann sech vläicht nach un den Artikel iwwer mäin Harley-Davidson Flathead Motor erënneren, deen sech mam Ufank vun der Restauration befaasst huet (fir déi, déi en net gelies hunn an awer drun interesséiert sinn, hei e Link zum 1. Deel vun dësem Kapitel).


An hei dann elo den zweeten Deel vun der Geschicht:

Nodeems dunn nei Zylinder mat neie Kolwen am Haus waren, koumen lues a lues och déi nächst Stécker un, déi gebraucht gi sinn, fir de Motor erëm kënnen zesummenzesetzen. Dobäi waren sämtlech Dichtunge fir de ganze Motor ofzedichten, all Messingbëchsen, souwuel fir am Gehäis wéi och fir am Gehäisdeckel, divers nei Rollenlager, nei Ventile mat den dozougehéierege Ventilfiederen, en neit Réckschlagventil fir an den Uelegcircuit, eng sëllege Sëfter a Filtere fir an d’Gehäiser esou wéi fir an déi zwou Uelegpompelen, nei Zylinderkäpp (et waren virdrun zwee verschidde Käpp drop, een High-Compression an een Low-Compression) an tuteweis Shims, fir quasi alles um Motor mat de richtegen Déckten op dat richtegt Spill ze „shimmen“.
An direkt ass et och dunn weidergaangen mat de Komplikatiounen. Beim Demontage vum Motor war mir schonn nom Zéie vun den Zylinder opgefall, datt déi zwee Pleuel, déi bei den HD-Motoren jo aneenee (also quasi een männlechen an een weibleche Pleuel) um Hubzapfen sëtzen, zimlech vill säitlecht Spill tëscht deenen zwou Schwongscheiwen haten. Also: Kurbelwell auserneen! An do koum och schonn erëm eng nei Iwwerraschung, wéi ech gesinn hunn, datt de weibleche Pleuel iergendwann a sengem Liewen eng Kéier vun iergendengem ëm 0,8 mm verjéngt gi war. Propper gemaach zwar, mee firwat?!


No engem Sondéiere vun de verschiddene Méiglechkeeten hunn ech mech dann dozou decidéiert, dat iwwermoossegt Spill a Kaf ze huelen an duerno beim Zesummebau ze kucken, et esou vill wéi méiglech iwwer d’Unzéie vun deenen zwou Schwongscheiwen ze probéieren ze eliminéieren. Dat war awer d’Rechnung net mam Wirt gemaach, well déi zwou nei Unlaafscheiwen, déi d’Schwongscheiwen och spendéiert kruten, esou propper geschafft waren, datt se net richteg an d’Schwongscheif gepasst hunn an sech beim Anpressen bombéiert hunn. D’Kurbelwell war net uerdentlech zesummen ze kréien an d’Pleuel hu geklemmt.
Nodeems ech dann nei Unlaafscheiwen vu véier verschiddene Ubidder bestallt hat an ënnert deenen aacht Stécker, déi ech elo zur Verfügung hat, keng zwou uerdentlech fonnt hunn, sinn déi Originaler, déi dran waren an op der enger Säit liicht agelaf waren, ëmgedréint erëm agebaut ginn, an dunn konnt d’Kurbelwell och mat engem vertrietbare Mooss u säitlechem Spill nees agebaut ginn.


Weider goung et dunn mat sämtleche Bëchsen am Gehäis an am Deckel. Well déi Messingsbëchsen sech, wann se agepresst ginn, e bëssen stauchen, muss all eenzel Bëchs nom Abau mat enger Reibahl op dat passend Mooss opgehohnt ginn. De richtege Wee fir dat ze maachen ass, déi zwou Gehäishallschenden (déi a mengem Fall nämlech och „matching“ sinn an virun 80 Joer am Wierk zesummen ugepasst gi sinn) esou wéi den Deckel zesummenzebauen an dann d’Bëchsen mat dem passende Spezialgeschir zesummen opzehohnen, fir datt herno d’Nockenwellen etc. komplett riicht an enger Linn lafen.
Et kann een et och op der Hand eenzel maachen, mir schwätzen hei jo ëmmerhin vun engem Bauerenmotor an net vun engem Hightech-Aggregat. Well ech awer duerch Zoufall mat engem feine Mann a Kontakt komm sinn (Thanks, Remon!), deen doheem e ganz wäertvolle Geschierschaf huet mat ganz vill Original-Harley-Davidson-Spezialgeschir aus vergaangene Joerzéngten an mir dat fir e Moie zur Verfügung gestallt huet, sinn ech mat dem Bottom End vu mengem Motor an Holland op Utrecht gerannt, fir et mam Originalgeschir vun deemools op déi richteg Aart a Weis ze maachen.


Elo konnt den eigentleche Zesummebau endlech lassgoen! An well een am Liewe bekanntlech ëmmer dobäiléiert, hunn ech dunn d’Wäisheet erlaangt, an Zukunft bei engem Motor alles beim Auserneenhuele nozemoossen an ze kontrolléieren, ob dat Richtegt verbaut war. A mengem Fall waren nämlech eng ganz Rei u klenge Stécker (Lagerkäfegen, Distanzscheiwen etc.) net déi richteg oder net op der richteger Plaz. Méi wéi eng Kéier konnt ech dowéinst, nodeems ech de Weekend um Motor weidergeschafft hunn, Klengkeeten nobestellen an all Kéier den houe.. Porto vu bal 20 € bezuelen – fir Dommheeten, déi oft just Präisser am eenstellege oder nidderege zweestellege Euroberäich kascht hunn. Iergendwou mussen déi schwéierverdéngte Sue jo hin, an wann et nëmme bei DHL ass. Mee et huet een fir déi nächst Kéier geléiert …
Nodeems déi sougenannte ‚Scavenger Pump‘, also déi Uelegpompel, déi den Ueleg aus dem Motorgehäis ophëlt an zeréck no uewen an den Uelegtank pompelt, richteg „getimt“, also agestallt war, ass et weidergaangen mam „Shimmen“ vun den Nockenwellen, dat heescht: mat Hëllef vu Shims a verschiddene Déckten gëtt dat säitlecht Spill vun den Nockenwellen agestallt. Also ëmmer nees de Gehäisdeckel opmaachen, d’Nockenwelle mat de Shims ënnerleeën, de Gehäisdeckel mat enger Dichtung drënner zesummebauen an dann vun uewen, duerch d’Lächer vun de Stéisselféierungen, nomiessen, ob d’Axialspill vun den Nockenwellen stëmmt.
Wéi dat bis fäerdeg war, konnten d’Stéisselféierungen esou wéi d’Stéissel agebaut ginn an de Lower End vu mengem Motor war souzesoen fäerdeg. Nei Kolwe si mat neie Kolweréng agesat ginn, an och hei huet sech erausgestallt, datt Repro-Spezialgeschir dacks och als Repro-Schrott ugesi ka ginn, well den Tool fir Kolwenclips anzesetzen just gutt fir an de Schrottcontainer war.
Wéi den Zoufall et esou wollt, huet sech a mengem Eisenstécker-Fundus e Ronneisen mam passenden Duerchmiesser fonnt, esou datt mäi Puls just fir eng hallef Stonn an héich Sphäre geklommen ass. Also d’Kolwe waarm gemaach, de Bolzen agesat an d’Kolwenclips mat engem Stéck Eisenoffall agesat.


Déi nei Zylinder kruten nei Ventilen, nei Ventilfiederen (mir erënneren eis: d’Ursaach vum ganze Iwwel), si nach eng Kéier liicht gehohnt ginn an dunn konnten déi zwee Dëppen och op de Lower End gesat ginn. Nei Zylinderkappdichtungen, nei Zylinderdeckelen – an schonn huet dat Ganzt erëm no engem Motor ausgesinn.
Also eran domadder an de Kader, Niewenaggregater ugebaut an déi éischt Kéier gekickt. Ze vill Widderstand! En neie Motor misst jo genuch Kompressioun hunn, mee dann awer net esou vill! Ausserdeem huet et beträchtlech zur Uelegpompel erausgep...t (ech kommen Iech all zuvir, da braucht der et net ze soen: et ass jo eng Harley!).
No villem Hin an Hier a vill Kappzerbrieches huet mech dunn e Kolleg (décke Merci, Marc) op déi richteg Spuer bruecht, ier ech alles erëm ausernee gerappt hätt. Et huet sech nämlech erausgestallt, datt eng vun deene neie Messingsbëchsen am Gehäisdeckel – an zwar déi, déi beim Undriff vun der Uelegpompel sëtzt – esou präzis geschafft war, datt se 0,8 mm ze vill déck war an d’Uelegpompel beim Festzéie festgesat huet. Immens!! De Problem ass elo tatsächlech mam Ënnerleeë vun zwou amplaz vun enger Dichtung behuewen – mol kucken, wéi et sech herno am Alldag wäert verhalen.
Dunn war et esou wäit an de Motor konnt eng éischt Kéier gestart ginn. Dat ass jo ëmmer erëm e bëssen en extra Moment, an wéi déi al Madame dann och no der siwenter oder aachter Kéier Kicken ugaangen ass, war de Steen, dee vum Häerz gefall ass, bestëmmt bis ënnen an d’Duerf ze héieren.
E puer kleng Aarbechte stinn elo nach an deene nächste Wochen um Programm, an dann hoffen ech, datt am Fréijoer de Rodage kann a Rou gefuer ginn an d’Kapitel WL elo fir eng Zäit ofgeschloss ass (mir wëssen et all: bei deene ganz Aalen ass d’Geschicht ni fäerdeg. E Kapitel vläicht – mee dat nächst wäert schonn net laang op sech waarde loossen …) an déi nächst Maschinnen an Ugrëff geholl kënne ginn.

Drocktest fir ze kucken, op den Inlet Manifold dicht as.

Zum Schluss nach eng Kéier e grousse MERCI un de Marc fir d’Telefonsuriff an d’Zeréckgräife op deng Erfahrung. E grousse Merci och un de Pascal fir aus ovalen Lächer erëm Ronner ze maachen, dem Yanick fir d’Ansëtzen vun den neie Bëchsen, dem Remon fir d’Léine vum Geschir an dem Nadine, dem Tom an dem Kai fir déi zousätzlech Hänn, wann meng eege zwou net duergaange sinn (dréck mol do, zéi mol hei …).
¨¨

Leave a reply