Vintage Cars & Bikes Steinfort 2022

Och dëst Joer war d’AMAL um Vintage Cars & Bikes zu Stengefort mat engem Stand vertrueden. Um Weekend vum 6. an 7. August 2022 hat den Veräin d’Gelegenheet, sech direkt an der Entrée vum neien Areal mat engem groussen Stand ze presentéieren. Dobäi stoung dëst Joer d ‘Virstellung vum ‘Am Aalen Zwir’, dem vun der AMAL den Weekend duerno organiséierten Tour, am Mëttelpunkt (hei geet et bei den Artikel vum Aalen Zwir).

Sonndes moies, um zweeten Dag vum Evenement, hat d’AMAL dann bei beschtem Wieder op en Tour vun ca. 40km invitéiert. Parallel dozou war och nach méi en kuerzen Tour fir 50ccm-Motorrieder organiséiert ginn. Am ganzen hunn em déi 30 Motorrieder un béiden Tier deel geholl.

Dat wonnerbart Wierder hat alt erëm vill Leit op Stengefort gelackelt, vun deenen sech der eng Jett begeeschtert vun eisem Stand, deen mat vill Léift zum Detail presentéiert war, gewisen hunn.

Klickt Ierch duerch all d‘Biller an der Gallerie hei drënner…

« of 35 »

…oder kuckt den Video.

Leave a reply