2026 Rallye Gillet zu Dinant

Den Rallye Gillet ass en Motorrads-Tour, déi 1923 vun der Marque Gillet Herstal selwer an d’Liewe geruff gouf. Deemools huet een sech fir dëse Rallye bei Gillet missten umellen, fir e Carnet heemgeschéckt ze kréien, op deem sämtlech Concessionnairë vun der Marque opgelëscht waren. De But vum Tour war et, datt all Participant sech op de Wee a Richtung Dinant gemaach huet an ënnerwee bei esou vill wéi méiglech vun dëse Concessionnairen laanschtgefuer ass, fir do e Stempel an eng Ënnerschrëft a säi Rallye-Carnet ze kréien.

Foto äus dem Buch 'Les Motos Gillet Herstal' vum Yves Campion

Schonn deemools waren déi onvirstellbar Masse vun 1.000 Motorrieder um Start, an et goufe Präisser am Wäert vun iwwer 60.000 Frang verloust, wat fir déi Zäit eng enorm Zomm war. Den Rallye Gillet war e risegt Evenement a gouf bis 1928 vun der Marque Gillet Herstal organiséiert.

Am Joer 2003 ass dunn enger Grupp vun Enthusiaste vun der Marque d’Iddi komm, dëse Rallye nees opliewen ze loossen. Zënterhier gëtt den Rallye Gillet erëm all dräi Joer zu Dinant organiséiert.

Och op déi dësjäreg Editioun, déi sonndes, den 3. Mee, stattfonnt huet, huet et nees e puer AMAL-Membere verschloen, déi och dat eent oder anert Motorrad vun der belscher Marque doheem an hire Garagen hunn. Fir dës 8. Editioun vum neie Rallye Gillet haten dann och beandrockend 140 Gillet-Motorrider aus aller Häre Länner de Wee op Dinant fonnt, wou sech moies um 7 Auer uewen bei der Citadelle getraff gouf.

No engem Café, engem Croissant an engem Briefing vum Organisateur ass et dunn och schonn op de Wee gaangen. Moies goung et iwwer en 70 km laangen, aussergewéinlech schéinen a fléchéierte Parcours a Richtung Abtei vu Maredsous. Leider huet et géint 10 Auer moies, nom éischten Arrêt Graissage, ugefaang ze reenen. Wéi mir zwou Stonne méi spéit bei der Abtei vu Maredsous ukomm sinn, hat den Himmel seng Schleisen endgülteg opgemaach, an jidderee war frou, am Dréchene kënnen eppes zu Mëtteg z’iessen, wärend et dobausse richteg staark geschott huet.

Wéi mir dunn géint 14 Auer nees lassgefuer sinn, hat sech de Reen e bëssen berouegt, an mir konnten déi reschtlech 65 km gréisstendeels am Dréchene zeréckleeën.

Alles an allem war et awer e schéine Rallye Gillet, dee gutt organiséiert war an bei deem vill fläisseg, fräiwëlleg Hänn dozou bäigedroen hunn, datt en Erfolleg gouf. 140 Maschinne fir e Rallye vun nëmmen enger eenzeger Marque zesummenzekréien, kann een och schonn als eng beandrockend organisatoresch Leeschtung ugesinn.

D’AMAL seet den organisateuren vum Rallye merci an freet sech schon op die nächsten Editioun an 3 Joer.

Mei Biller vum Rallye an der Gallerie hei ënnendrënner:

« of 58 »

Leave a reply