50 Kubiktreffen Biekerech

Sonndes, den 16. Juli haten d’Oldtimerfrënn Biekerech op hiert 50 Kubiktreffen op Biekerech invitéiert. E puer AMAL Memberen hunn sech d ‘Geleeënheet net huelen gelooss, fir mat hiren Maschinnen vun der Drëppe Glas-Klass bis Baujoer 1989 deelzehuelen.

Um Site vun der Millen zu Biekerech gouf sech am Kader vun enger Kiermes, engem Oldtimer Trakter-Treffen souwéi engem Concert getraff, fir um 12h op en Tour vun den klengen Maschinnen opzebriechen.

Kuerz no 15h sinn d ‘Motorrieder erëm zu Biekerech agelaf an et konnt, bei beschtem Wieder, den Dag auskléngen gelooss ginn.

D‘AMAL seet den Organisateuren Merci fir dësen gelongenen Dag. 

Weider Biller an der Gallerie...

« of 8 »

Leave a reply