Am Alen Zwier 2023

Léif Frënn vun den alen Motorrieder,

och 2023 ass den zweeten Weekend am August erëm den AM ALEN ZWIER, eng Ausfaart speziell fir Motorrieder vun virun 1950 wou d’Chauffeuren sech passend zum Baujoer vun hirer Maschinn undinn.

Iech erwaart en gemittlechen Tour duerch d ‘Land, eng intressant Visite, eppes Lokales z’ iessen an e Patt an gudder Gesellschaft.

D ‘Umeldungen sinn méiglech ab dem 1ten Juli.

En Androck vun der läschter Editioun vum Alen Zwier fannt Dir hei: Am alen Zwier 2022

Leave a reply