Kul-Tour 2026

Samschdes, den 30. Mee, hat d’AMAL endlech nees op hire Kul-Tour geruff. Moies fréi, um 8:30 Auer, hat sech dann och eng flott Equipe vu 17 Leit zu Brouch um Parking bei der Kierch afonnt.

No den übleche Bensinsgespréicher huet dunn um 9 Auer de Mike Koedinger, deen de Kul-Tour och dës Kéier nees fir d’AMAL organiséiert hat, d’Participanten iwwer d’Destinatioun, déi jo ëmmer bis virum Départ e gutt gehiddegt Geheimnis ass, informéiert. Et sollt dës Kéier iwwer e flotte Wee vu bal 80 km a Richtung Shopping Center Massen op der Wemperhaart goen.

Den Patron vum Shopping Center huet eis do um 11 Auer erwaart, fir eis e Bléck hannert d’Kulisse vum Supermarché a vum Shopping-Center ze erméiglechen. Duerno sollte mir dann all do am Restaurant zesummen iessen, ier et mëttes mat enger Visitt vun dem Mann senger, loosse mer mol soen, recht „ausféierlecher“ Sammlung vu Steyr-Traktere sollt weidergoen.

Waren et freides nach eng Affenhëtzt mat iwwer 30 Grad dobaussen, sou sollten samschdes moies bei eisem Départ plazeweis awer donkel Wolleken um Himmel hänken. Natierlech op deene Plazen, an deenen hir Richtung mir kuerz no 9 opgebrach sinn. Déi éischt Stonn vum Tour si mir dann och nach dréchen doduerch komm, ier et an der Géigend vun Housen dunn mat Schëdde ugefaangen huet. E klenge Stopp zu Housen huet et eis erlaabt, d’Reenkleeder unzedoen (zumindest déi, déi der och dobäi haten), ier et op déi reschtlech Kilometer bis op d’Wemperhaart sollt goen. Hei si mir dann och alleguer nach gutt geduscht ginn.

Beim Shopping Center Massen huet den Arsène Laplume eis dann och schonn erwaart an an de Sous-sol vum Akaafszenter geleet, wou mir eis Motorrieder konnte parken an eis Reenkleeder ophänke fir ze dréchnen. No enger kuerzer Begréissung ass et och direkt lassgaangen, a mir kruten déi ganz Infrastruktur vum Betrib am Detail gewisen an erkläert. Sief dat vun der Metzlerei iwwer d’Bäckerei, d’Restauranten, d’Lagerhaalen … einfach alles. An de Patron vum risege Komplex konnt op all eenzel Fro, sief dat zum Läschwaasser vun der Sprinkleranlag oder zur Zesummesetzung vum Räucherholz fir d’Räuchere vun de Saumonen, all Fro beäntweren. Impressionnant!

Mëttes hu mir dann all zesummen an engem vun deene ville Restauranten am Center zu Mëtteg giess, ier et dunn géint 14 Auer op déi aner Säit vun der Strooss bei d’Traktere goung. An och hei war bal net ze gleewen, wat een do bestaune konnt. All Modell Trakter vun der éisträichescher Marque Steyr, jo esouguer eng Rei Prototypen an Unikater, stoungen hei a perfekt restauréiertem Zoustand. An wiem dat dann nach net duergaangen ass, dee konnt sech dann endgülteg vun dem Här Laplume senger Determinatioun iwwerzeegen, wéi hien eis eng weider Hal mat nach eng Kéier Dosenden iwwer Dosenden deierer Maschinne gewisen huet, déi nach op hir Restauratioun waarden.

Interessant war hei och, e Bléck an d’Atelieren ze werfen, wou verschidde Corps de métier wéi z. B. Schräiner oder Schlesser Ënnerhaltsaarbechte fir den Akaafszenter maachen. Niewendrun konnte mir dann och nach e Bléck an d’Ateliere werfen, wou all déi Traktere restauréiert ginn. Impressionnant.

Um 17 Auer, gutt zwou Stonne méi spéit wéi et eigentlech geheescht hat (fir déi, déi doheem gesot kruten: „Wou wars du? Du hues gesot, du wiers um véier zeréck!“), hu mir eis alleguer a klenge Gruppen op den Heemwee gemaach.

Och d’Editioun 2026 vum Kul-Tour war erëm en aussergewéinlech flotte Dag. Alt erëm krute mir gewisen, wat sech hannert esou muncher onscheinbarer Paart oder Mauer befanne kann. A virun allem och de Bléck hannert d’Kulisse vun engem Shopping-Center ass eng Chance, déi een net all Dag gebuede kritt an déi ganz gutt bei eise Memberen ukomm ass.

D’AMAL seet heimat e grousse Merci un hire Member Mike Koedinger, deen och dës Kéier mat der Organisatioun vum Kul-Tour an dat Schwaarzt getraff hat.

Des Weideren och am Numm vun der AMAL e grousse Merci un den Arsène Laplume, datt hien eis d’Dieren zu sengem Akaafszenter souwéi zu senger Traktersammlung opgemaach huet. Mir sinn all beandrockt vum frëndlechen Accueil, a verschiddener stelle sech d’Fro, ob en Dag op der Wemperhaart méi Stonnen huet wéi iergendwou anescht am Land. Wéi soss soll een all dat Doten an engem Liewen op d’Been gesat kréien?

An zu gudder Lescht och nach e grousse Merci un eis Memberen Liz & Aparicio Gomez, déi esou fein waren, sech fir de Kul-Tour als Voiture-Balai mat der Remorque zur Verfügung ze stellen.

Weider Biller vum Dag an der folgender Gallerie:

« of 59 »

Leave a reply