Liège - Nancy - Liège 2022

Den Belschen RVMCB (Royal Veteran Moto Club Belge) organiséiert alljährlech am Summer hiren Liège-Nancy-Liège. Dëst ass en Rallye de régularité fir Motorrieder vun virun 1945. Gefuer ginn ca. 650 km, verdeelt iwwer zwee Deeg.
Den Tracé vum Roadbook feiert, wei den Numm et scho seet, vun Liège op Nancy an den Dag duerno zerëck, dëst op klengen Landstroossen. An wei all Joer feiert d’Roadbook d’Participant’en duerch Lëtzebuerg, mat enger Mëttegpaus um Parking vun der Luxlait um Rouscht.


Dëst Joer huet d’AMAL décidéiert, um Weekend vum 20. an 21. August déi 126 Motorrieder, déi bei beschtem Summerwieder Sonndes um Rouscht an der Mëttesstonn ukomm sinn, ze empfänken. Wei all Joer waren och dëst Joer erëm eng schéin Panoplie un alen Maschinnen vertrueden.


Fir déi, déi interesséiert sinn d ‘nächst Joer matzefueren fannt dir hei en Link op d’WEBSITE vum Liège – Nancy - Liège.

Hei geet et op den Site vum RVMCB.

D ‘Biller vun dem Dag fannt Dir hei ënnendrënner an der Galerie.

« of 25 »

Leave a reply