Motorrieder ze verkaafen

Em wat geet et?

Memberen vun der AMAL bitt sech hei d’Geleenheet, gratis Verkaafsannoncen vun hiren Maschinnen ze publizéieren. Den AMAL-Site erfreet sech enger wuessender Beléiftheet an en gëtt och äifreg vum Ausland aus besicht. D ‘Räichwäit geet also bis hannert d ‘Grenz. Et ginn awer nëmmen Annoncen fir komplett Motorrieder ugeholl, keng Stécker.

Wat muss ech maachen fir eng Annonce vun mengem Motorrad op der Website vun der AMAL ze gesinn?

Fir d ‘Éischt emol muss déi Maschinn méi al wei 25 Joer sinn.

Dann kanns du qualitativ héichwäerteg Fotoen, eng Beschreiwung mat den Donnéeën vum Motorrad, en Verkafspräis an däin Kontakt erareechen. Alles dat kanns du per e-mail un info@amal.lu schécken.

Deng Annonce geet innerhalb vun e puer Deeg online.

Wat gelt et ze beuechten?

  • Dësen Service ass nëmmen fir AMAL Memberen.
  • Et ginn just komplett Motorrieder ugebueden
  • Et muss en Verkafspräis dobäi stoen. Annoncen ouni Verkafspräis oder mat engem Opruff zu engem Präis Virschlag ginn net ugeholl.
  • Et muss mindestens eng Telefonsnummer oder eng e-mail Adress fir den Kontakt dobäi stoen. Am bäschten Béides.
  • Wann d ‘Motorrad verkaf ass ( iwwert den AMAL Site oder soss entzwousch) soll wgl eng kuerz Meldung op info@amal.lu geschéckt ginn, esou dass d ‘Annonce kann geläscht ginn.

Also dann, avis aux amateurs an vill Glëck beim Verkaaf...

 

Leave a reply