Anschreiwung fir den AMAL Tour de Luxembourg 2026

Den Tour de Luxembourg, den traditionell den drëtten Weekend am Juni ofgehal gëtt (19. - 21. 06.2026), geet iwwer dräi Deeg (Freides, Samsdes & Sonndes) an fënnt um Camping Fuussekaul zu Heiderscheid statt.

Freides Mëttes geet et mat engem mei klengen Tour vun 70-80 Kilometer lass. Hei kënnen d’Participanten en éischten Kontakt mat den Lëtzebuerger Stroossen maachen an kontrolléieren, ob hier Maschinnen fit fir den Rescht vum Weekend sinn.

Samsdes geet et dann moies um 10h lass mat engem Tour vun 160-190km. Wärend dem Samsdes Tour steet dann och meeschtens eng kleng ‘visite culturelle’ esouwéi den een oder aneren ‘arrêt-graissage’ um Programm. Hei gëtt et dann och ëmmer eppes Klenges z’iessen an ze drénken fir eis Participanten.

Den Sonndes Tour geet och moies um 10h lass an hei ginn all Joer em déi 130-150km gefuer. En klengen Stopp op hallwem Wee géint den Honger an den Duuscht suergen fir en Retour géint 15h an der Fuussekaul, wou et nach en klengen Ofschloss-Snack gëtt bei dem d’Participanten den Tour ënner Gläichgesënnten kënnen auskléngen loossen ier se sech op den Heemwee maachen.

All Participant kritt e puer Deeg virun dem Event den Roadbook, d’ GPX Fichier’en esouwéi eng Wee Beschreiwung vun deenen 3 Tier zougeschéckt.

D’Participanten kennen entweder mat hirem eegenen Camper, Roulotte oder Zelt um Camping Fuussekaul iwwernuechten oder een vun den Bungalowen lounen, déi um Site zur Verfügung stinn (Bungalowen hunn 2-3 Schlofzëmmer an kennen zu puer Persounen gedeelt gin).

KLICKT OP D'AFFICHE HEI ENNENDRENNER FIR OP DEN UMELDUNGSFORMULAIRE ZE KOMMEN!

1 comment

  1. Wassner 10 November, 2025 at 17:39 Reply

    Bonjour, nous avions participé au tour du Luxembourg en 2024 et nous souhaiterions nous inscrire pour 2026.
    Comment pouvons nous obtenir des bulletins d’inscription pour le rallye et comment réserver un mobilhome au camping ,
    Merci de nous répondre.
    Cordialement

Leave a Reply to Wassner Cancel reply