Tour de Luxembourg 2024

Déi 38. Editioun vum Tour de Luxembourg fënnt 2024 um Weekend vun Nationalfeierdag, also vun Freides dem 21. Juni bis Sonndes, den 23. Juni, wei gewinnt, um Camping Fuussekaul statt.

Wei üblech geet et Freides mat engem Tour vun ca 60-70km am Nomëtten lass, wou mir geint 15h um Camping Fuussekaul waerten fort fueren. Weinst der Umëldung etc. sin Participant'en gebieden, e bëssen mei frei do ze sin, ab Mëtteg sin d'Leit vun der AMAL sur place.

Dëst Joer hun mir och schon en Owesiessen an geselleger Ronn am Zelt um Freideg Owend geplangt.

Samsdes as wei gewinnt den groussen Tour vun +- 120km, den Moies geint 10h lass geet. Mëttes as hei fir en klengen Snack beim 'arrêt-graissage' gesuergt. Owes as dat traditionnelt Iessen am Zelt.

Sondes Moies geet et erem op en Tour vun ca. 60km, och hei gett et erem en klengen Snack beim 'arrêt-graissage'. Retour waert hei geint 15h sin, wat och den Enn vum Tour bedeit.

Niewend der Optioun vum Camping (Zelt oder Camping-Car) kënnen och verschidden Mobilhomes fir den TdL gelount gin. Dei sin fir 4 bis 6 Leit an kënnen also mat der Famill oder Kollegen am Grupp gelount gin.

All weider Informatiounen fennt een hei ennendrënner um Umeldungsformulaire

TDL 2024 Fiche d'inscription

Déijéineg, die eng Idee vum Evenement kréien wëllen kennen sech hei ënnendrënner mat enger Fotosgalerië souwéi engem Video en Bild vun dem 2023er Tour de Luxembourg pour motos anciennes maachen:

VIDEO TDL 2023

2 comments

Leave a reply