Tour de Luxembourg 2024

Den Weekend vum 21. bis den 23. Juni 2024 war déi 38. Editioun vum AMAL Tour de Luxembourg pour Motos Anciennes. Der AMAL hiren Haapt-Event, den d’ läscht Joer schonn all Rekorder gebrach hat, sollt dëst Joer nach eng Kéier eng Schëpp drop leen.

Freides haten sech schonn 60 Persounen ugemellt, déi bei éischter mëttelméissegem Wieder den Tour vun ongeféier 110km ënnert der Leedung vum Georges Weis an dem Pascal Petitjean am Follow-Up System matgefuer sinn. Op hallwem Wee gouf en Stopp zu Holtz um Camping ageluecht, wou et eng kleng Stäerkung gouf ier et zeréck an d’ Fuussekaul goung.

Hei gouf et dëst Joer och fir d’ éischten Kéier um Freiden en Owesiessen am gemittlechen Zelt, an dem den Tour de Luxembourg neierdéngs ofgehalen gëtt. Getrei dem Numm vun eisem Tour gouf den heemegen wei och den villen Auslänneschen Gäscht Lëtzebuerger Spezialitéiten zerwéiert. Et gouf eng Feierstengszalot als Entrée, Kniddelen mat Ram an Speck als Plat an Wäissen Kéis mat Quiddegebeess als Dessert.

Samsdes war et dann um groussen Tour, den ënnert der Organisatioun vum Steve Marquis, iwwert en flécheierten Parcours duerch den Sauerdall, d’Petite Suisse an Iechternach bis op Hinkel gefouert huet. Hei gouf den 85 Persounen aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich, Däitschland an Holland, déi um Samsdestour deelgeholl hunn, eng Visite Culturelle am Matchbox-Museum ugebueden. Baussen am Haff gouf et dann, getrei dem Lëtzebuerger Motto, eng gutt Bouneschlupp ier den Korso sech bei mëttlerweil dréchenem Wieder erëm iwwert verwenkelt kleng Stroossen zeréck Richtung Fuussekaul gemaach huet.

No ca. 190km, déi um Samsdeg zeréck geluecht goufen, sinn den Participanten owes eng Zopp, Ham, Fritten an Zalot, eng Bouchée à la Reine esouwéi en gutt Stéck Taart zerwéiert ginn.

Sonndes dann sollt Wieder endlech matspillen. Ënnert der Leedung vun dem Mike Koedinger an dem Pascal Petitjean ass en wonnerschéinen Tour vun em dei 90km gemaach ginn. Och hei goung et erëm am Follow-Up System duerch d’ Ländchen, des kéier awer wéinst der grousser Zuel un Participanten, an zwou Gruppen. Bei schéinstem Wieder gouf zu Veianen eng Paus mat fantastescher Vue op d’ Schlass ageluecht, ier et direkt duerno mat enger klenger ‚Speciale‘ weidergaangen ass. Hei konnten all Participanten tëschent Veianen an Eesbech hiren Maschinnen eng Kéier fräien Laf loossen, ier mer eis all zu Eesbech erëm zesummen fonnt hunn an weider gefuer sinn.

Bei eisem Retour an der Fuussekaul gouf et dann zum Abschied nach en klengen Snack an Form vun Kachkéis op enger Sauer Deeg Kuuscht, bei der eis zefridden Gäscht den flotten Weekend konnten Revue passéieren loossen ier se sech no an no op den Wee fir Heem gemaach hunn.

D’AMAL seet deenen villen hëllefenden Hänn, ganz besonnesch eisen Damen déi esou gutt gekacht, gebak an gehollef hunn, en ganz decken Merci. Och den AMAL Memberen, déi iwwert den ganzen Weekend mat dofir gesuergt hunn, dass alles reibungslos ofgelaf ass, sief dat hannert dem Comptoir, an den Autoen mat den Remorquen, beim Flécheiern vun 190km Samsdestour oder beim Op- an Ofriichten vun eisem Zelt, soen mir en groussen Merci.

Des Weideren seet d‘AMAL nach dem Jang an Meg vum Matchbox Museum Hinkel esouwéi hirem feinen Noper en ganz groussen Merci, dass Sie eis esou léif empfaangen hunn an en gudden Deel zu dem flotten Samsdeg Tour vum TdL 2024 bäigedroen hunn. 

An zum Schluss soen mir nach all den Leit vun heiheem an aus dem Ausland, déi dëst Joer den Wee op eisen Tour de Luxembourg fonnt hunn, en decken Merci fir hier Participatioun. Mir hoffen, iech all (an vläicht är Kolleegen mat hiren Motorrieder), d’ nächst Joer erëm fir déi 39. Editioun vun der AMAL hirem Tour de Luxembourg pour Motos Anciennes begréissen ze kënnen.

Eng grouss Billergallerie fannt Dir hei ënnendrënner:

« of 151 »

Leave a reply