Tour de Provence 2023

Am August dëst Joer hunn op en Neits e puer AMAL Memberen um Tour de Provence pour Motos Anciennes deelgeholl. Dësen Tour, fir Motorrieder virun 1945, huet vum 23. bis 26. August  zu Senas am Süden vun Frankräich stattfonnt.

Organiséiert fir déi 32. Kéier vum Moto Club Sénas Durance, ass den Tour de Provence fir seng aussergewéinlech schéin Streckefeiereung bekannt. Iwwert fënnef Deeg sinn insgesamt ronn 1000 Kilometer zeréckgeluecht ginn, dat alles ob Dagesetappen vun duerchschnëttlech 200 Kilometer.

Dës Editioun vum Tour de Provence war vun Wiederextremen gezeechent. Esou waren déi 3 éischt Deeg bei 44 Grad eng Belaaschtungsprouf fir Mënsch an Maschinn während op den 2 läschten Deeg 14 Grad an vill Reen d’Participant’en op geneesou eng haart Épreuve gestallt hunn.

Trotz allem war awer och déi 32.éditioun en vollen Erfolleg an huet d’ Fuerer iwwer vill onvergiesslech Strecken vum Vercors gefouert. An Verschiddener vergiessen bei der nächsten Kéier och net, hiren Uelegkrunn um Moto opzedréinen. Dann packen se vläicht och den ganzen Tour...

Fir dei, dei bei daer nächster Editioun wëllen dobäi sinn, geet et hei op d’WEBSITE vum Moto Club du Senas.

Hei ënnendrënner kënnt der Iech duerch d ‘Galerie vun den Biller klicken…

« of 22 »

Leave a reply