Tour de Provence 2025

Den Tour de Provence, organiséiert vum Moto Club Senas Durance, huet bei engem Grapp voll AMAL Memberen schonn bal Traditiounsstatus. Dëst, well den Tour éischtklasseg organiséiert ass an en och all Joers erëm op en Neits mat schéinen Streckenféierungen duerch spektakulär Landschaften ze iwwerzeegen weess.

Op däer anerer Säit ass dësen Tour net ze ënnerschätzen, well 5 Deeg mat Dagesetappen vun 200-250km, oft heftegen Biergetappen esouwéi heiansdo och extremen Temperaturen verlaangen no enger verlässlecher Maschinn.

Wann engem dat awer dann net duergeet, kann een et och esou maachen wei eis zwee AMAL Memberen Pascal Petitjean an Roland Weiler, an den Aller esouwéi den Retour op den Tour de Provence, béides jeeweils em déi 850km, op daer selwechter Virkrichsmaschinn mat daer een och den Tour bestreit, an Ugrëff huelen. Heifir muss en, niewent vill Vertrauen an säin 90 Joer aalt Motorrad och nach eng gutt Portioun Courage hunn (an vläicht och nach eng ganz, ganz kleng mat der Dänn…).

Den 23. August sollten Sie zwee sech dann op den Wee maachen fir an zwou Dagesetappen bis erof op Sénas ze fueren. Ier den Tour Mëttwochs offiziell lass goung sinn den Pascal an den Roland dann nach e bëssen duerch Südfrankräich gefuer an hunn hiren Maschinnen och nach d’Mier gewisen.

Donneschdes, den zweeten Dag goung et dann och schonn den Mont Ventoux erop wou um Sommet profitéiert Gouf fir schéin Biller iwwert den Wolleken ze maachen. Donneschdes Mëttes war en Tëschestopp an en Mëttegiessen an der Manade Agu, enger Stéier Ziichterei, zu Eyguières ageplangt, wou d’Participanten gewisen kruten, wei mat Hëllef vun Päerd en jonken Steier vun senger Grupp isoléiert an markéiert gouf.

Den 5. Dag, no iwwer 888km, gouf sech dann erëm zeréck an Sénas afonnt fir d‘ Retour Festivitéiten of der Place de la Mairie mat uschléissendem Ofschlossiessen.

Eis zwee Kolleegen Pascal an Roland hunn sech uschléissend awer direkt op den Wee heem gemaach an niewent den 120km vum Moien nach 360km an Richtung Norden zeréck geluecht. Den Dag duerno sinn déi zwee no iwwer 3000km wuelbehaal an ouni Pann zeréck zu Lëtzebuerg ukomm.

D’AMAL seet dem Moto Club Senas Durance merci fir déi gutt Organisatioun an den flotten Tour an zitt den Hutt virun hiren zwee Memberen, dem Pascal an dem Roland, déi an 10 Deeg mei Kilometer op 90 Joer alen Maschinnen zeréck geluecht hunn wei esou munnech Motorradsfuerer mat hiren modernen Maschinnen an engem Joer zeréck leen. En schéint Beispill fir d’Passioun un der aler Mécanique.

Mei Biller an der folgender Galerie:

« of 47 »

Leave a reply