Wat as d'AMAL?

Den kulturellen Zweck vun der AMAL ass d ’Konservéierung, d ‘Restauréierung, den Ënnerhalt an d ‘Fueren vun historeschen Motorrieder. Mee och dat gemeinsamt Léisen vun techneschen Problemer, den Échange vun Wëssen oder einfach nëmmen eng gutt Zäit mateneen ze verbréngen sinn Ideeën vum Veräin.
Am Prinzip kann all Mënsch, den sech fir d ‘Thema ‘al Motorrieder’ interesséiert an och am Besetz vun engem mindestens 25 Joer alen Motorrad ass, Member ginn. All Member entscheet fir sech selwer, wat en als Sammel-wierdeg emfënnt.
Den Memberen hier Motorrieder mussen kengesweegs am Originalzoustand sinn. Zäitgenösseg Ëmbauten stellen fir den Veräin keen Problem duer. Eegenbäuten verlaangen no Wëssen an handwierklechem Geschéck an sinn eng wëllkommen Beräicherung fir den Veräin.
An der AMAL begéinen sech Leit aus deenen verschiddensten sozialen wei berufflechen Ëmfelder mat enger gemeinsamer Passioun: d ‘Léift fir déi al Motorrieder.
Ausser dem Bezuelen vum Joresbäitrag bréngt eng Memberschaft an der AMAL keng Verpflichtungen mat sech. D ‘Deelhuelen un deenen verschiddenen Aktivitéiten vun der AMAL gëtt awer encouragéiert, schliisslech heescht et jo: wat méi wat besser!

TagsAMAL