45ème Balade des Vieux Clous

Fir den Pëngschtweekend hat déi Franséisch Confrérie des Vieux Clous, en Veräin den am selwechten Joer wie eis AMAL gegrënnt ginn ass, op hier 45. Ballade des Vieux Clous agelueden. E puer vun eisen Memberen hunn dunn och un dësem Tour, dem seng Aschreiwung iwwer 150 Plazen am November innerhalb vun enger Woch ausgebucht war, deelgeholl.

Freides, den 17. Mee, gouf sech Moies um 8h zu Lambersart bei Lille getraff. Nodeems d’ Start Nummeren esouwéi den Roadbook ausgehändegt waren goung et och schonn bei strahlender Sonn (Lëtzebuerg ass an dem Moment jo am Reen ënnergaang) iwwer 112 km Richtung Guînes bei Calais, wou an engem flotten Kader zu Mëtten giess gouf. Wieder goung et dunn am Nomëtten iwwer 71,5km op Berck, wou mir déi nächst zwee Deeg an enger flotter Vakanzen Anlag iwwernuecht hunn.

Den zweeten Dag goung et vun Berck Richtung Authie. Hei war d’ Wieder leider net um R-d-V an d’ Moies Etappe huet missten am Reen zeréck geluecht ginn. Déi 60km Mëttes, fir zeréck op Berck, waren dunn awer erëm drëchen.

Sonndes goung et dunn iwwer 140km zeréck Richtung Lambersart bei Lille, d’ Sonn war och erëm um Rendez-vous. AM spéiden Nomëtten hunn d’AMAL-Memberen sech zeréck Richtung Lëtzebuerg gemaach; déi eng mat den Maschinnen an der Camionette, een aneren mam Gepäck um Gepäckdréier iwwert d’ Autobunn. All Respekt!

D’AMAL seet der Confrérie des Vieux Clous Merci fir den Accueil an d’Organisatioun vun dësem flotten Event an freet sech schonn op déi 46. Editioun vun 2025.

Weider Biller vun der Tour an der folgender Gallerie:

« of 33 »

Leave a reply