Läschte Wanter gouf d’AMAL vum ACL, eisem nationale Automobil Club, gefrot, fir zesumme mat hinnen en Tour fir al Motorrieder ze organiséieren. Den ACL ass jo bekanntlech staark an der Lëtzebuerger Autos-Oldtimerszeen aktiv a géif dëst Engagement an Zukunft och gären op d’Oldtimermotorrieder ausweiten.
Well mir scho kënnen op eng gutt Zesummenaarbecht mam ACL zréckblécken, ënner anerem bei deene verschiddene Formatiounen, war et fir d’AMAL selbstverständlech, dës Initiativ zesummen unzegoen. No e puer Preparatioune war et dunn e Sonndeg, den 13. September, esou wäit: Déi éischt Editioun vum ACL Motoclassic, an Zesummenaarbecht mat der AMAL, stoung um Kalenner.

Moies um 9 Auer hu sech d’Participantë beim Siège vum Automobil Club zu Bartreng getraff. Ganzer 36 Motorradfrënn haten sech fir déi éischt Editioun vun dësem Tour ageschriwwen. Den ACL hat fir e Café mat Croissant gesuergt, an no enger kuerzer Begréissung hunn sech zwou Gruppe vu Motorrieder, ënnert der Leedung vun AMAL-Memberen, déi de preparéierten Tour bestens kannt hunn, op de Wee gemaach. Fir d’éischt mat engem klenge Virsprong fir déi ganz al oder méi kleng Maschinnen, a kuerz drop och fir déi net ganz esou al oder méi séier Motorrieder.

Iwwer 91 Kilometer duerch verschidde Regioune vum Land goung et dunn a Richtung Mondorf. Ënnerwee, ongeféier op halwer Streck, gouf tëschent Pretten an Hënsdref eng kleng Verpflegungspaus ageluecht, éier et weider a Richtung Mondorf gaangen ass.
Hei si mir géint Mëtteg beim „Elegance and Power Meeting“ erwaart ginn. De Rotary Club Esch/Alzette, deen dësen Event organiséiert hat, hat d’Participantë vum Motoclassic-Tour generéis mat Iessens- a Gedrénksbongen versuergt, esou datt keen Honger oder Duuscht huet misse leiden.

Duerno konnten d’Participantë déi aussergewéinlech Oldtimer a Supercars am Mondorfer Park bewonneren an de flotten Dag zesumme mat gläichgesënnte Motorradfrënn ausklénge loossen.
D’AMAL seet dem ACL, esou wéi den Organisateure vum Rotary Club Esch/Alzette, e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung an dëse flotten Dag.
A vläicht heescht et d’nächst Joer jo:
„Den ACL an d’AMAL invitéieren op hir zweet Editioun vum Motoclassic-Tour…“