Um Weekend vum 19. bis den 21. Juni hat d'AMAL erëm op hiren traditionellen Tour de Luxembourg pour motos anciennes geruff. Fir dës 40. Jubiläumsausgab si mir dann och tatsächlech vum grousse Succès iwwerrascht ginn.
Déi vill Méi, déi den Organisatiounscomité sech an de leschte Jore gemaach huet, fir de Leit all Joer e bëssen eppes Neies ze bidden, mécht sech lues a lues bezuelt. De Ruff vum Tour de Luxembourg geet mettlerweil wäit iwwer d'Grenzen eraus an esou hate mir schonn am Hierscht méi Umeldunge wéi mir d'lescht Joer iwwerhaapt Participanten haten. Schlussendlech ware fir de Samschdegstour dëst Joer 116 Motorrieder ugemellt, an um Owesiessen de selwechten Dag hu 134 Persounen deelgeholl – nees en neie Rekord.

Belount gi si mir awer virun allem mat dräi Deeg beschtem Summerwieder. Esou muncher géif esouguer soen: e bëssen ze vill Summerwieder. Den Thermometer huet déi dräi Deeg ëmmer iwwer 30 Grad ugewisen, esou datt et an de Motorradskleeder séier waarm gouf. Dofir hu mir de Start Samschdes a Sonndes ëm eng Stonn no vir verluecht.
Den Accueil war freides ab 12 Auer op. Nodeems de gréissten Deel vun de Participanten ukomm war, goung et géint 15 Auer op e klengen Tour vu ronn 80 km. Dobäi gouf e gudden Deel vun den 83 Participanten vun engem Summerdonnerwieder wéi aus dem Billerbuch iwwerrascht. Eng kleng Ofkillung ass bei deenen Temperaturen zwar net onwëllkomm, mee ob et direkt esou eng Portioun misst sinn...? Zum Gléck huet sech d'Wieder séier nees berouegt, esou datt d'Owesiessen dobaussen, virun der neier Hal, konnt genoss ginn.

Och dëst Joer gouf et erëm eng Rei Neierungen, wéi zum Beispill eng Apéro-Bar an flott, nei T-Shirten vum Tour de Luxembourg. Den Apéro huet ville Leit gutt geschmaacht, an d'T-Shirte ware géint Enn vum Weekend komplett ausverkaaft.
Déi gréissten Neierung war awer ouni Zweiwel déi nei Location, wou mir den Tour de Luxembourg konnte veranstalten. Op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci un d'Fuussekaul, déi eis hir nei Eventhal zur Verfügung gestallt huet. Net nëmme passt déi flott Hal perfekt zum Thema vun den ale Motorrieder, mee duerch hir roueg Lag ware mir och ganz ënner eis. Déi grouss Plaz virun der Hal an déi eege Sortie fir eisen Tour hunn de Start vum grousse Samschdegstour däitlech méi angenehm gemaach.

Samschdes stoungen eng ganz Partie Kilometer um Programm. Iwwer flott a klassesch Strecken ass et a Richtung Klierf gaangen, wou eng Equipe vu léiwen Helfer de Participanten eng hausgemaachte Feierstengsszalot mat enger Gromper an engem gudde Stéck Kuch zerwéiert huet. D'Sonn huet zwar erbarmungslos gebrannt an de Schiet war rar, mee de Mëttegiessen huet de Leit trotzdeem gutt geschmaacht.
Nomëttes goung et nach méi wäit an den Norden vum Land, wou vill kleng a flott Stroossen um Programm stoungen. Owes haten d'Participanten 192 km méi um Tacho stoen – op d'mannst déi, déi dem Roadbook genee nogefuere sinn – an et war Zäit fir e flotten Owesiessen a gudder Gesellschaft.
Ier et mat zwee flotte Kuchen, déi fir de 40. Jubiläum bestallt gi waren, weidergaangen ass, stoung nach d'Präisiwwerreechung um Programm. Dräi Participante goufe mat enger handgemaachter Coupe ausgezeechent.

Déi éischt Coupe fir déi eelst Maschinn ass un d'Sandy Kesseler gaangen, déi de Tour de Luxembourg mat enger Terrot HS 350 vun 1926 matgefuer ass. All Respekt!
Déi zweet Coupe war fir de Participant, deen de wäitste Wee op sech geholl hat. Hei ass de Präis un de Joaquim Da Silva gaangen, deen bal 700 km aus Frankräich zeréckgeluecht hat, fir mat senger schéiner a seltener Ratier deelzehuelen. Merci, Joaquim – mir si frou, datt et um Enn nach geklappt huet.
Déi drëtt Coupe ass un de Lothar Serwas aus Däitschland gaangen, deen de Pech hat, als Éischten um Freidegowend op der Remorque vun der Voiture Balai ze landen. Seng schéi Horex huet den Dag drop awer nees perfekt fonctionnéiert. Merci, Lothar, datt s du den Humor vun der AMAL esou gutt verstan hues. A ganz éierlech: um Bord vun der Strooss oder um Ofschleefwon si mir mat eisem ale Buttik wuel alleguer schonn emol gelant.

Sonndes goung et zum Ofschloss nach eng Kéier op eng Tour vun ongeféier 130 km an de Südoste vum Land. No engem kuerze Schlenker laanscht d'Musel koumen d'Participanten nees zeréck op d'Fuussekaul, wou nach eng Kéier e gudde Maufel z'iessen op si gewaart huet, ier jidderee sech lues a lues op den Heemwee gemaach huet.
A wéi et esou schéin heescht: No dem TdL ass virum TdL. D'Organisateuren hunn de Kapp schonn nees zesummegestach, fir nozedenken, wat d'nächst Joer nach besser gemaach ka ginn. De Succès vun eisem Tour an déi ëmmer méi grouss Nofro zwéngen eis dozou, fir déi nächst Editioun e puer Upassungen ze maachen, fir datt den Tour de Luxembourg och an Zukunft dee flotte Rendez-vous bleift, deen en haut ass.

Am Numm vum Organisatiounscomité geet als Alleréischt e grousse Merci un all déi léif Leit, déi eis virun, während an nom Weekend esou tatkräfteg ënnerstëtzt hunn. Dir sidd einfach top – ouni Iech géif dat alles net funktionéieren.
E grousse Merci geet och un d'Anna an d'Equipe vun der Fuussekaul fir déi, wéi ëmmer, exzellent Zesummenaarbecht.
En häerzleche Merci och un eisen Sponsor, d'Firma Cogecab, déi et eis erméiglecht, nach eng kleng Schëpp dropzeleeën. Merci, Philippe!
An zum Schluss natierlech e grousse Merci un all déi, déi de Wee op sech geholl hunn, fir dräi flott Deeg mat eis ze verbréngen an eist klengt Land mam Moto ze entdecken – mir hoffen, et huet ierch gefall an mir gesin ierch d’nächst Joer zerëck.