Arbre à Cames 2023

Freides, den 21 Juli, um Dag vum Belschen Nationalfeierdag, haten d’Arbre à Cames Associatioun, en Member vum VMCB, op hiren alljährlechen Arbre à Cames-Tour invitéiert. Bei der dës jäereger 20. Editioun, waren och erëm e puer AMAL-Memberen mat vun der Partie.

Getraff gouf sech moies um 9h00 zu Arbre, enger klenger Uertschaft net wäit ewech vun Dînant, wou no engem Café-Croissant den Tour géint 10h00 fort gaangen ass. 54 Maschinnen vun virun 1940 waren um Rendezvous, dorënner en puer ganz rar Stécker, déi en nëmmen seelen fueren gesäit. Gefuer gouf no Roadbook esou dass all Mënsch méi oder wéineger fueren konnt, wéini an wei en wollt.

Op ongeféier 100 km goung et op klengen Stroossen duerch d ‘Emgéigend vun Dînant, dat ganzt mat zwee Arrêt Graissage an engem Mëttegiessen. Owes gouf sech erëm op därselwechter Plaz getraff an nodeems all Mënsch en klengen Souvenir ausgehändegt krut konnt een ënner Gläichgesënnten den Dag auskléngen loossen an sech op den Wee heem maachen.

D’AMAL seet den Organisateuren vun dësem flotten Event Merci an freet sech schonn op déi nächst Editioun.

D ‘Biller vum Dag fannt Dir an der Galerie ënnendrënner.

« of 22 »

1 comment

  1. Götz Steinl 10 September, 2023 at 21:00 Reply

    Guten Tag,
    könnt ihr mich bitte in Kontakt mit dem Besitzer
    der Triumph Silent Scout bringen?
    Ich sammele dieses Modell und möchte Kontakt aufnehmen.
    Viele Grüße
    y
    Götz

Leave a reply