D'AMAL um Oldtimertreffen für Motorräder und Mopeds zu Söst

Um Donneschden, dem 1. Mee, hat d’AMAL op en Tour bei eisen Club Member den Ernst Steinmetz op Söst invitéiert. Um 10h30 hunn mir eis zu enger Dosen Leit zu Brouch getraff an sinn um 11h fortgefuer fir en schéinen Tour vun ca 60km bei allerbeschtem Fréijoerswieder Richtung Däitschland.

Mir sinn géint Mëtteg zu Söst, engem Uertsdeel vun Wincheringen ukomm, wou d’Bud schonn recht voll war. Dat 15. Oldtimertreffen für Motorräder und Mopeds, dat den Erny schonn säit villen Joren organiséiert war och dës Kéier erëm en vollen Erfolleg. Vill Leit an Motorrieder, dorënner e puer ganz aussergewéinlech Stecker, haten sech zu Söst afonnt. Och vill kleng Maschinnen waren mat vun der Partie esou dass een en flotten Mix vun Motorrieder bewonneren konnt, eppes Guddes Iessen an och en Patt bei dem duuschtregen Wieder drénken konnt.

Alles an Allem hat den Erny erëm en schéinen Event op d’Been gesat wou et sech gelount hat bis dohinner ze fueren. D’AMAL seet merci fir den flotten Dag an wäert och bei der nächster Editioun erëm mat vun der Partie sinn.

Weider Biller an der Galerie hei ennendrënner...

« of 27 »

Leave a reply