Kiwanis History Vehicles Lasauvage

D’AMAL war dëst Joer vun den Kiwanis Esch/Alzette gefrot ginn fir eng Ausstellung an der desakraliseierter Kierch vun Lasauvage zum Thema Renn-Motorrieder ze organiséieren, dëst am Kader vun hirem alljährlechen History Vehicles Lasauvage. Wëll nun mol Renn-Motorrieder net an all zweeter Garage stinn war séier kloer, dass esou eppes hei zu Lëtzebuerg just an Zesummenaarbecht mam Paul Galles kann organiséiert ginn.

Den Paul huet sech bereet erkläert, 12 Maschinnen aus senger beandrockender Kollektioun zur Verfügung ze stellen an an engem gemeinsamen Effort, mat engem Grapp vun feinen Helferlein, konnten die Dausenden Visiteuren, die bei schéinstem Summerwieder um Weekend vum 2. – 3. September den Wee an die flott Kulisse vun Lasauvage fonnt haten, ënner anerem folgend Maschinnen hautno bewonneren:

1949 Moto Guzzi Gambalunghino

1953 MV AGUSTA 125 Monoalbero Corsa

1959 Norton Manx 30M 500

1962 Honda 50 CR 110

1963 Moto Morini Bialbero

1963 Honda CR93

1977 Yamaha 750 TZ

1984 Honda 500 RS

1985 Maxton

1997 Honda RS250R NX5

Baussen, virun der Kierch, hat d’AMAL hiren Stand opgeriicht wou iwwert den ganzen Weekend eng schéin Panoplie vun alen Maschinne vun eisen Memberen, die op Lasauvage komm sinn, äusgestallt konnten ginn.

D’AMAL seet dem Paul Galles fir seng wonnerbar Maschinnen, dem Kiwanis Esch/Alzette fir die impeccabel Organisatioun, den villen hëllefsbereedenen Memberen (an och net Memberen!) an Allen, die eis op den flotten Weekend besicht hunn, en decken Merci.

Mei Biller vum Event fannt Dir an der Photogallerie hei ënnendrënner:

« of 33 »

Leave a reply