Kultour 2023

Den 03. Juni 2023 hunn sech 17 AMAL-Memberen um 9 Auer Moies zu Brouch fir eisen alljährlechen Kultour getraff. Bei beschtem Summerwieder hunn mer eis um halwer 10 op den Wee an Richtung Musel gemaach, well d ‘Destinatioun, déi den Mike Koedinger eis fir den desjäeregen Kultour ausgesicht hat, am noen, däitschen Grenzgebid läit.

Op engem flotten Wee vun ongeféier 80 Kilometer sinn mir op klengen Stroossen gefuer an sin kuerz no 11 Auer um Ziel ukomm. Do kruten mir vum Raymond Niesen d ‘Dieren zu senger onbeschreiflecher VeloSolex Sammlung opgemaach. Falls ären Partner doheem mengt, die hätt zevill Motorrieder an Stécker an der Garage, dann wéisst em déi heiten Biller; duerno misst der fir eng Zäit är Rou hunn.

Ënnert dësem Dag fënnt een déi komplett Firmen Geschicht vun der Marque VeloSolex, vun dem Prototyp mat der Nummer 2! iwwert mindestens een Exemplaire vun all Modell. Dorënner och limitéiert Editiounen oder Aussergewéinleches wei en 60-Joer Solex Eenzelstéck am 24 Karat Gold!

Des Weideren fënnt een alles, awer och wierklech ALLES Erdenkleches, wat mat der Marque VeloSolex ze dinn huet. Plakater, eng Original Garagen Ariichtung, Reklammspresentoiren etc...

No der Visite vum Dag sinn mer dunn all Zesummen iwwer Gréiwemaacher, Kapenaker an Beyren op Mensdorf an den Café am Duerf zu Mëtteg iessen gaangen an hunn dësen flotten Dag auskléngen gelooss.

D’AMAL seet dem Mike Koedinger Merci fir d ‘Organisatioun an och dem Raymond Niesen, dass en esou fein war, eis d ‘Dieren vun senger Kathedral vun der VeloSolex opzemaachen. 

PS: wann der déi nächsten Kéier stolz sidd (oder en schlecht Gewëssen hutt), well der vun der Veterama oder enger Bourse en Rucksak oder eng Autosmalle voller Stécker heemschleeft: den Raymond Niesen flitt fir eng Velosolex op Detroit an Amerika, an kënnt mat engem Container mat 8 Tonnen Velosolex Stecker heem...

Kuckt hei ënnendrënner d’ Galerie mat den Biller vum Dag...

« of 40 »

Leave a reply