LOF Autojumble 2024

Den Weekend vum 16. & 17. Mäerz huet erëm den alljärlechen Autojumble um Kierchbierg an der Luxexpo seng Dieren opgemaach. Dëst Evenement, organiséiert vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun, huet den Zweck, déi national Oldtimerszene ze promouvéieren an dobäi och den Nationalen Oldtimer-Clibb, Associatiounen esouwéi sämtlechen Acteuren aus eiser Szene eng Plattform ze bidden fir sech kennen virzestellen.

Och d’AMAL war dëst Joer erëm mat engem flotten Stand vertrueden. Mei wei eng Dosen Maschinnen haten eis Member-Kolleegen, déi sech em d’ Organisatioun vum Stand gekëmmert hunn, zesummebruecht. Prestigiéis Maschinnen wei ënner Anerem eng 4-Zylinder FN, eng Norton Manx oder och nach eng Honda NS400R konnten d’ Leit um Stand bewonneren. Zesummen mat all deenen aneren Motorrieder huet d’AMAL dem Grand Public gewisen, dass all Genre an och all Kubikzuel bei eis am Club vertrueden an och Wëllkomm sinn.

Allgemeng ass eisen Stand dann och ganz gutt bei den Visiteuren ukomm an mir freeën eis drop, och d’ nächst Joer erëm um Autojumble vertrueden ze sinn.

D’AMAL seet ganz besonnesch deenen Memberen, déi eis eng oder mei vun hiren Maschinnen fir d’ Expo zur Verfügung gestallt (an deelweis och selwer dohinner bruecht hunn) en groussen MERCI fir hier wäertvoll Ënnerstëtzung.

Leave a reply