Den Weekend vum 19. - 21. September hat d’AMAL hier éischt Editioun vum (re)Tour de Kick, engem Motostour fir Motorrieder vun virun 1950, organiséiert. Mir waren eis bewosst, dass eleng duerch den Alter vun den Maschinnen den Tour mei en klengen Event géif bleiwen wiei eisen Tour de Luxembourg an haten dowéinst och no mei engem klengen an gesellegen Kader gesicht fir déi dräi Deeg.D’Wiel war op den Camping Ettelbréck gefall an et sollt sech och eraus stellen, dass mer domadder genau richteg louchen.

Participant ’en konnten schonn Freides Mëttes ab 15h ureesen esou dass sech all Mensch an Rou konnt an sengem Logement installéieren an säin Motorrad fir den (re)Tour de Kick, den eigentlech samsdes Moies ugaang ass, preparéieren.
Nodeems d’Leit all an den Mobilhomer an an deenen aussergewéinlech schéinen an confortabelen Safari-Zelter logéiert waren war et dann ab 18h un der Zäit vum Apéro ier mer all zesummen à la Carte um Camping giess hunn. Et sollt sech dunn och eraus stellen, dass quasi all Mensch schonn Freides Mëttes ugereest war an mir owes mat bal 30 Leit dunn schonn bal komplett waren.

Mir waren frou ze gesinn, dass mer et fir eng alleréischten Editioun op 30 Leit an iwwer 20 Maschinnen bruecht haten. Dat beweist, dass d’AMAL sech mat hiren Organisatiounen lues an lues en gudden Ruff erschafft. Mir haten den ursprünglech aviséierten Alter vun den Maschinnen vun 1945 op 1950 erop gesat, aus Angscht net genuch Leit fir den Tour ze kréien, mee dat sollt sech als onbegrënnt eraus stellen. Mat just enger Ausnam waren sämtlech Maschinnen aus den 1920er an 30er Joren.
Samsdes Moies sollt et no engem Kaffi/Croissant dann och bei schéinstem Summerwieder lass goen op déi éischt 90 Kilometer vum Tour. Well och den (re)Tour de Kick mat Roadbook oder GPX gefuer ginn ass, konnten d’Leit fueren wéini an mat wiem se wollten. Fir d’Mëttegiessen hunn sech dunn lues an lues all d’Participant ‘en am Café High Chapparal um Camping Moulin am Heischtergronn zeréck fonnt.

Op dem Ed senger flotter Terrasse konnt dunn all Mensch déi éischten Hallschent vum Tour Revue passéieren loossen ier mat engem groussen Schnitzel mat Fritten an enger gudder Glace als Dessert den Honger gestëllt gouf.
Mëttes sollt et dunn nach eng Kéier iwwer bal 100 Kilometer op engem vun deenen schéinsten Parcours ’en, den mer bis elo op engem AMAL-Tour gefuer sinn (merci Yves), weider goen. D’Leit waren begeeschtert an den flotten Dag sollt dann och Owes mat engem gudden Pulled-Pork Burger um Camping Ettelbréck an geselleger Ronn op en Enn goen.

Leider huet et dunn awer an der Nuecht op en Sonden ugefaang staark ze reenen, esou dass sech moies d’Fro gestallt huet, ob mer den Tour sollten annuléieren oder net. Fir Sonndes war en 130 Kilometer-Tour an Richtung (an och laanscht) d’Musel virgesinn, den dacks iwwert mei kleng Feldweeër gefouert huet. Den villen Reen vun der Nuecht esouwéi d’Tatsaach, dass vill Baueren schonn amgaang waren den Mais eran ze huelen an en groussen Deel vum Parcours domadder warscheinlech staark verschmotzt an glat war, huet eis zur Decisioun bruecht, den Tour ofzesoen, den Kaffi vun Moies e bëssen mei laang ze zéien an den Apero e bëssen mei Frei ze starten, esou dass bei flotten Gespréicher d’Zäit bis zur Bouchée à la Reine vun Sonndes Mëttes séier em war.

Géint 15h sinn dunn déi läscht Participant ‘en heem gereest an màin Heemwee am Reen mam Moto iwwer déi éischt zwanzeg Kilometer vum geplangten Tour hunn dunn och bewisen, dass d’Decisioun, den Sonndes-Tour virsiichtshalwer sinn ze loossen, genau déi richteg war. Plazeweis hat den Bulli wärend laangen Abschnitter Strooss zu enger Rutschban gemaach an dofir gesuergt, dass ech an meng Maschinn brong vum Stroossen Dreck doheem ukomm sinn.
Mee trotz dem versch… Sonnden kann een behaapten, dass déi éischt Editioun vum (re)Tour de Kick en vollen Erfolleg war an et net déi läscht wäert bleiwen…
D‘AMAL seet als alleréischt dem Fabien an dem Jo vum Camping Ettelbréck an dem Restaurant Stiffchen en ganz groussen Merci fir déi fein, onkomplizéiert an virun allem zevirkommend Zesummenaarbecht. Et war excellent bei iech an mir hoffen, dir heescht eis an Zukunft erëm wëllkomm.
Merci och dem Ed an der Equipe vum High Chapparal vir dat gudd Mëttegiessen an den gudden Accueil.
An zum Schluss nach en groussen Merci un all d’Participanten, déi den Wee bei eis fonnt haten an zu engem kollegialen an schéinen Weekend bäigedroen hunn. Mir hoffen, et huet Iech gefall an dir kommt zerëck…
Weider Biller fannt Dir an der folgender Galerie...