Tour de Luxembourg 2025

Och dëst Joer huet d’AMAL erëm um drëtten Weekend vum Mount Juni, also vum 20. bis 22., hiren traditionellen Tour de Luxembourg pour Motos anciennes ofgehal. An wei schonn all déi läscht Joren hunn mer eis erëm fir déi 3 Deeg um Camping Fuussekaul getraff.

Am Géigesatz zum leschten Joer konnten déi 90 Participanten dëst Joer awer bei allerschéinstem Summerwieder hier Motorrieder iwwert eis schéin, Lëtzebuerger Stroossen beweegen.

Freides Mëttes goung et dann um 15h fir déi, déi schonn mat Zäiten do waren oder net vun esou wäit komm sinn, mat engem mei klengen Tour vun ca. 80 km lass. Wärenddeems déi éischt do schonn ënnerwee waren, sinn am laf vum Nomëtten ëmmer mei Leit vun No an Wäit ukomm. Zesummen gouf dann Owes  en gudden Menu giess an d’Leit konnten sech am gemittlechen Festzelt kennen léieren oder erëm begéingen.

Samsdes Moies goung et dann no dem Kaffi, den dëst Joer fir eng éischten Kéier net aus engem Café/Croissant mee engem Frühstücks-Buffet bestan huet, um 10h no engem kuerzen  Briefing lass. Well déi dësjähreg Editioun vum TdL déi éischten war, bei daer mat engem Roadbook oder mat GPX -Fichier ’en gefuer ginn ass, konnten d’Leit an déi verschidden Motorrieder aus jeglëchen Jorzengten, esou fueren wie et hinnen am bäschten gepasst huet.

Um Samsdes-Tour, den dëst Joer iwwer ca.190km gaang ass,  stoung dann och esou Munneches um Programm. Eisen üblechen Mëttes Stopp mat engem Snack (hei gouf et eng Porettenzapp, en gudd Stéck Kuch esouwéi eppes Kales géint den Duuscht) war dëst Joer zu Beckerich bei den Millepätter, déi eis an klengen Gruppen och eng flott Demonstratioun vun hirer aler Seeërei gemaach hunn.

Duerno goung et vun Beckerich aus an Richtung Habay-la-Neuve an der Belsch weider. Wei den Zoufall et esou wollt hat op dem selwechten Weekend déi bekannten Collection Thiry hier Porte-Ouverte an dat wollten mer den Participanten net virenthalen. All Mensch, den schonn eng Kéier do war weess vun wat mir schwätzen an et huet den Leit och gutt gefall. Vun Habay goung et dunn schlussendlech iwwer schéin Stroossen zeréck an d’Fuussekaul, wou owes bei engem gudden Barbecue d’Leit den Dag konnten auskléngen loossen.

Dëst war och den Moment, wou d’AMAL Couppen fir déi wäitsten Urees, dat eelsten Motorrad an den jéngsten Participant verdeelt huet.

  • Déi wäitsten Urees goung un en Participant aus der Schwäiz-franséischer Grenzregioun, den iwwer 600km an Kaf geholl hat fir beim TdL matzefueren.
  • D’Coupe fir déi eelsten Maschinn goung un den Vincent Derdeyn äus der Belsch, den den TdL mat enger Gillet à courroie vun 1922 bewältegt huet.
  • Den Präis vir den jéngsten Participant goung un den Jonathan Runkel aus Däitschland, den am Alter vun 17 Joer op enger 125er Hercules matgefuer ass.

Sonndes stoungen dunn nach eng Kéier 157km duerch den Norden um Programm, an och hei war d’Wieder erëm um Rendez-vous. Als Tëschestopp sinn mer dëst Joer um Donatus stoen bliwwen, wou et déi schonn bal traditionell Kachkéisschmier an en Stéck handgemaachten Rieslingspaschtéit gouf, ier et wieder gaang ass.

Um ca 15. sinn mer dunn zeréck an d‘ Fuussekaul komm wou d‘ Participant ’en den Weekend mat engem gudden Bréitchen mat Wirschtchen an Sauerkraut auskléngen konnten loossen.

D’AMAL seet dem Anna an der Equipe vun der Fuussekaul merci fir déi, wei all Joers, gudd Zesummenaarbecht.

En groussen Merci dann och nach un d’Sarita Neu esouwéi déi ganz Equipe vun den Millepätter fir den feinen an interessanten Encadrement zu Biekerech an der Millen.

An dann och nach en groussen Merci un den Albert Thiry an seng Equipe vun der Collection Thiry su Habay-la-Neuve, déi eis hoffentlech den een oder aneren Uelegfleck, den mer virun hirer Dir hannerlooss hunn, verzeien.

An elo alles bei den Kalenner: Den Tour de Luxembourg 2026 fënnt och erëm um drëtten Weekend vum Mount Juni, d.h. vum 19.-21. Juni 2026, an der Fuussekaul statt. An wëll mer 2026 déi 40. Editioun feieren, wäerten d’Organisateuren sech schonn eppes Extraes afalen loossen…

Kuckt all d'Biller an der Gallerie hei ënnendrënner...

« of 165 »

Leave a reply