Um Sonden, dem 11. Mee, hunn sech e puer AMAL Memberen op den Wee op Bastnech gemaach, fir un der desjähreger Editioun vum Rallye Marche-Bastogne-Marche deelzehuelen. Den Rallye fir Motorrieder bis 1961, organiséiert vum MRFA, der Moto Rétro Famenne Ardenne, ass dëst Joer an seng 41. Editioun gaangen.
Bei schéinstem Summerwieder haten sech dann och 88 Participanten afonnt, fir op ca. 150 km duerch d’Belsch Ardennen ze fueren an hier al Maschinnen ze genéissen.
D’AMAL seet den Organisateuren vun dësem flotten Tour merci an wäert och d’nächst Joer, fir eng 42. Editioun, erëm, mat vun der Partie sinn.
Kuckt d’Biller vum Dag an der Galerie hei ënnendrënner...