Giants Run 2025

Den 23. Mee hunn sech 5 AMAL Memberen op den Wee an England gemaach, fir um Giants Run, engem Event fir Girder Fork Motorrieder, also Motorrieder mat enger Trapezgafel, deelzehuelen. Dësen Tour gëtt organiséiert vun der Dorset Section vum VMCC, dem Engleschen Vintage Motorcycle Club, wann een esou well den Engleschen Pendant vun der AMAL am Groussen (iwwer 13000 Memberen). Eisem Club Member, dem Aparicio Gomez, den een vun den Organisateuren kënnt, war et dann och ze verdanken dass mer nach Plazen kruten, obwuel den Tour eigentlech schonn mat 100 Motorrieder ausgebucht war.

Freides sinn mer vun Lëtzebuerg aus mat zwee Motorrieder an der Camionnette an dräi Weideren op der Remorque Richtung Insel opgebrach. Virdrun war awer schonn en mëttelschwéieren Pabeierkrich ausgebrach, well mir eis Motorrieder hunn missten Importéieren fir se duerno erëm ze exportéieren, dëst well mir se net iwwert d’Strooss an England bruecht hunn mee am Unhänger. No engem Kontroll Stopp vun der Englescher Douane, bei dem se villes vun eis an eisen Motorrieder ganz genau wollten wëssen an mir eisen Zuch doduerch verpasst hunn, koumen mer mat enger Stonn Verspéidung op der Insel un. Dunn hunn mer eis just nach missten Stonnelaang duerch zéi fléissenden Verkéier kämpfen ier mer dann Owes bei eisen Kolleegen am Dorset ukomm sinn. Hei konnten mir d’Motorrieder iwwert déi nächst Deeg ënnerstellen (en groussen Merci un d‘ Gill an den John Young dofir an och fir d’Spaghetti, den gudden Curry an och den Cider!)

Samsdes, den Dag virun dem Giants Run, gouf et en sougenannten Shakedown Tour, bei dem sech schonn déi éischt Giants getraff hunn fir en klengen Tour duerch d’Géigend ze dréinen an op enger schéiner Äppelfarm, op daer Cider gemaach gëtt, en Pättchen ze drénken, eppes Klenges z’iessen an sech mat aneren Participanten ze ënnerhalen. D’Pizza an den Cider hunn geschmaacht…

Sonndes Moies war et dann um offiziellen Tour. Nodeems dräi vun eis eng ongeplangten Rondfahrt an den Allentours’en vun der Spire Hill Farm ageluecht haten, sinn mer awer nach mat Zäiten ukomm fir eis déi aner Honnert Maschinnen unzekucken. An dat war en ganz impressionanten Plateau un Motorrieder, déi do vertrueden waren. Et kann een soen, dass esou munnech Krounjuwelen vun der Englescher Motorrads-Industrie vertrueden waren. Mee och eis zwee Belsch ‚Eindringlinge‘ sinn bestaunt ginn an d’Ofwiesslung ass begréisst ginn (léif Englesch Kolleegen, wann der dat heiten liest: Gillet Herstal an Saroléa sin Belsch, net Franséisch! 😉 )

Den eigentlechen Giants Tour war dann opgedeelt an en groussen Tour vun ca. 106km oder en mei klengen Tour vun ca. 58km. Hei goufen et och e puer interessant Arrêten, wéi zb en Stopp beim Cerne Abbas Giant (dowéinst och den Numm Giants Run), enger ca. 50m grousser Figur, déi (entweder am 10. oder am 17. Joerhonnert, se sinn sech net eens…) an den Kräid-Buedem geschlaff ginn ass an en gewëssent Kierperdeel vun der Männlecher Anatomie recht prominent an den Vierdergrond setzt. Wéi sot emol een um RTL: „…haaptsaach eng Gäns!“

Duerno goung den Tour dann weider Richtung Küst, wou een den Chesil Beach besichen konnt. Hei huet d’Royal Air Force am 2.Weltkrich déi sougenannten Bouncing Bombs, ronn Bommen, déi aus Fligeren geworf op der Waasser Uewerfläch gesprongen sinn an sou mat sollten Staumaueren zerstéieren, getest.

Duerno goung et op schmuelen Landstroossen, duerch déi typesch, schéin British Countryside zeréck Richtung Spire Hill Farm, wou sech d’Participanten dann am Nomëtten erëm getraff hunn an den Dag bei engem klengen Maufel an engem gudden Cider vum engem Sponsor vun dem Giants Run auskléngen gelooss hunn.

Dräi vun eis sin dunn Meindes, den Dag no dem Tour, zereck an den New Forest National Park gefuer, fir do nach en schéinen Tour vun 110km op eisen aalen Maschinnen duerch die äussergewöinlech Landschaft vum National Park ze maachen. An hei stoungen niewend den fräilaafenden Paerd hannert all drëtter Kéier, engem Ofstiecher op Milford on Sea fir bei stiermecher Séi puer schöin Fotoen vun den Motorriederz e maachen, enger Visite am National Motor Museum vun Beaulieu, engem ganzen Nomëtten am Sammy Miller Motorcycle Museaum och deen een oder aaneren Stop an Englëschen Pubs um Programm.

Mëttwochs goung et dann dunn duerch den Tunnel ënnert dem Ärmelkanal an op der Ladefläch vun enger ACL- Depanneuse (alles 80-90-jähreges huet duerchgehal, mee der 10 Joer aler Camionnette war et scheinbar ze vill…) erëm zeréck an Richtung Lëtzebuerg.

Mir soen dem VMCC Dorset merci, fir den léiwen an frëndlechen Empfang an fir d’Organisatioun vun dem flotten Event. Mir hoffen, e puer vun Iech d’nächst Joer bei eis um Tour de Luxembourg begréissen ze kënnen.

An ganz speziellen, groussen Merci vun eis 5 nach eng Kéier un d‘ Gill an den John Young esouwéi den Noper Fran (d’Tankdeckel-Dichtung ass perfekt) fir déi léif Ënnerstëtzung, déi vill Zäit, déi se sech fir eis geholl hunn an déi gudd Zäit, déi mer mateneen verbruecht hunn.

Mei Biller vun dem Äusfluch an der Gallerie hei ennendrënner...

« of 78 »

Leave a reply