Kickstart GO: Eischten AMAL Tour an der neier Saison

Läschten Weekend, den 6. Mee, stoung mam Kickstart Go den éischten AMAL-Tour vun der neier Saison 2024 um Programm. Bei schéinstem Fréijoer-Wieder hunn sech 17 vun eisen Memberen wie üblech um 13h zu Brouch um Parking bei der Kierch getraff, fir zesummen um 13h30 fortzefueren.

 

’ Ziel vun dem Abrëll-Tour war den Motos-Occasiounsmaart zu Déifferdeng. Den Pascal Petitjean an den Georges Weis hunn sech em den Tour gekëmmert an d’ Kolonn duerch den Äisch Dall mat engem klengen Ofstiecher an d’ Belsch op Déifferdeng bruecht. En Merci un sie zwee.

Zu Déifferdeng hunn mer zesummen den Een oder Aneren Patt gedronk ier all Mensch sech lues an lues zeréck op den Heemwee gemaach huet.

Nodeems mer schonn um Stamminee den Dag virdrun zu 20 waren an op dësem Tuer zu 17, kann een wuel behaapten, dass d’AMAL lues an lues ufänkt fir vill Leit erëm interessant ze ginn. Mir freeën eis doriwwer an hoffen, op deenen nächsten Tier an Evenementer weider genau esou en Succès ze hunn.

En groussen Merci och nach un den Michael Mossal fir d’Photoen. All d'Biller vum Dag fannt Dir an der Gallerie hei ënnendrënner:

« of 28 »

Leave a reply