Marche - Bastogne - Marche 2024

Den 12. Mee huet den MRFA, den Moto Rétro Famenne Ardenne, op hier 40. Editioun vun hirem Marche – Bastogne – Marche, engem  Tour fir Motorrieder vun virun 1960, invitéiert. Bei schéinstem Summerwieder sinn och en Grapp voll AMAL-Memberen dëser Invitatioun nokomm an hunn sech moies um 8H zu Marche getraff.

 

No engem Kaffi-Croissant ass et dunn um hallwer 10 lass gaangen. Den Tour huet iwwer 155 km op klengen Stroossen duerch d’ Ardennen gefouert. Owes, no dem Tour gouf et nach en klengen Snack an eppes ze drénken fir den Dag ënner Gläichgesënnten auskléngen ze loossen.

D’AMAL seet der MFRA merci fir d’ Organisatioun vun dësem flotten an traditionellen Tour an wäert och d’ nächst Joer erëm hei vertrueden sinn.

D'Biller vum Dag fannt Dir an der Gallerie hei drënner:

« of 16 »

Leave a reply