Ofschloss-Tour 2023

No enger vollgepaaktener Saison mat villen flotten Evenementer, schéinen Tier an och villen neien Memberen war et um Samsdeg, den 7. Oktober un dem traditionellen Ofschloss-Tour. Dëst Joer konnten d’AMAL-Memberen sech emol eng Kéier bei beschtem Summerwieder fir den Ofschloss-Tour treffen (dat war die läschten Joeren jo net ëmmer esou).

R-d-v war, wei üblech, um 13h30 zu Brouch um Parking bei der Kierch an um 14h ass et lass gaang. Vun Brouch aus goung et iwwer Viichten, Groussbous an Hierheck op Esch/Sauer, wou eng Kaffispaus ageluecht gouf.

Uschléissend sinn d ‘Memberen weider iwwert d ‘Giewelsmillen, Lipperscheid, Bourscheid bis op Ierpeldeng gefuer. Am ganzen eng ronn 50km bei schéinstem Wieder.

Owes war dunn den Rdv fir en gemeinsamt Iessen an eisem Clublokal, dem Relais Bausch zu Brouch.

Elo kennen d’AMAL-isten sech erëm fir dei kal Joreszäit an hier Garagen an Atelieren zeréck zeien an d‘ Blessuren vun der Saison un hiren Maschinnen kuréieren oder vläicht och déi eng oder aner zweeriedreg Läich zu neiem Liewen erwächen.

D'Biller vum Dag fannt Dir an der Gallerie hei ennen drënner:

« of 20 »

Leave a reply