Porte Ouverte bei der Collection Thiry

Samsdes, den 1. Juli huet d’AMAL en Tour op Habay-la-Neuve gemaach, wou d’Collection Thiry eng Journée Porte-Ouverte organiséiert hat. Getraff gouf sech wei ëmmer zu Brouch um Parking bei der Kierch, vun wou aus et Richtung Habay gaangen ass.

Wéinst dem schlechten Wieder sinn mir all mat den Autoen dohin gefuer, ausser dem Ralph, den sech als Eenzegen vun eis Sunshine-Biker ofgesat huet an mam Moto duerch den Reen geplout ass.

Bei der Collection Thiry haten mir dunn d ‘Geleeënheet, eng gefeierten Visite duerch déi impressionant Kollektioun ze kréien an och déi eng oder aner technesch Fro vun eisen Memberen konnt den Dag mat den Spezialisten vun Habay gekläert ginn.

Duerno sinn mer nach gemeinsam zu Habay eng Pizza iessen gaang ier et erëm heem gaangen ass. An eisen Autoen. Ausser dem Ralph. Dem eenzegen, richtegen Motosfuerer vun eis all.

D’AMAL seet der Collection Thiry Merci fir den flotten Dag an hirer impressionanter Sammlung.

D ‘Biller vum Dag fannt dir an der Galerie hei ënnendrënner…

« of 26 »

Leave a reply