Sandstrahl- an Polverbeschichtungs Workshop

Samsdeg, den 21 Januar 2023, hat eisen Member KOCH Steve nees bei sech heem invitéiert fir säin Atelier iwwert Sandstrahlen an Polverbeschichten. 7 Leit haten sech afonnt. Em 15 Auer goung et lass mat e bëssen Theorie an enger Presentatioun vum Material. Den Steve huet och e Ziedel mat Basis-Informatiounen ausgedeelt.

Duerno goung et direkt un d‘ Praxis; de Pol an de Gab haten e puer Stecker vun Motorieder matbruecht fir ze strahlen an ze beschichten. Fir d ‘éischt konnt een dem Steve iwwert d ‘Schëller kucken an duerno selwer schaffen.

Wei alles gestraalt war ass et un d ‘Beschichten gaangen. Hei huet den Steve d’Arbecht iwwerholl, well do schonn e bëssen Erfahrung gefrot ass.

Fir d ‘éischt gouf Grondeiert, duerno schwaarz Gepolvert . Während den Polver „gebak“ ginn ass gouf bei engem gudden Patt gebraddelt and sech ausgetosch.

Mer soen dem Steve Merci fir deen flotten Nomëtten, wou een net nëmmen vill Informatiounen krut mee sech och selwer abréngen konnt.

Villäicht gëtt et jo nach aner Memberen, déi mat esou engem Atelier hier Erfahrungen austauschen wëllen. Kontaktéiert eis, och wann der doheem selwer keng Plaz huet, mer fannen schonn eppes...

Leave a reply