• ANG Automotive sponsort d'AMAL

    D’AMAL freet sech, hieren neien Sponsor, d’Firma ANG Automotive vun Contern, virzestellen. ANG Automotive verbënnt historescht Fachwëssen, modern Ausrüstung an eng individuell Betreiung vun all Gefier. Den Atelier këmmert sech ëm den Ënnerhalt, mechanesch Reparaturen, d’Instandsetzung, Karosserieaarbechten, Lackéierungen, Bearbechtungsaarbechten an aner technesch Aarbechten, jee noBesoine vum Gefier a vum Projet. D’Aarbechte ginn haaptsächlech op Rendez-vous geplangt, fir genuch Zäit, déi néideg Mëttelen an déi passend Kompetenze fir all Optrag virzegesinn. Dës Organisatioun erlaabt et ANG Automotive, präzis ze schaffen a gläichzäiteg, jee no de Méiglechkeeten an der Disponibilitéit vum Atelier, och fir verschidden dréngend Ufroen do ze sinn. Eist Zil bleift datselwecht: eng suergfälteg Aarbecht, passend Léisungen an eng transparent Begleedung bei all Schrëtt unzebidden. Entdeckt eis Servicer
  • ACL AMAL Motoclassic Tour

    Läschte Wanter gouf d’AMAL vum ACL, eisem nationale Automobil Club, gefrot, fir zesumme mat hinnen en Tour fir al Motorrieder ze organiséieren. Den ACL ass jo bekanntlech staark an der ...
  • AMAL Tour de Luxembourg 2026

    Um Weekend vum 19. bis den 21. Juni hat d'AMAL erëm op hiren traditionellen Tour de Luxembourg pour motos anciennes geruff. Fir dës 40. Jubiläumsausgab si mir dann och tatsächlech vum grousse Succès iwwerrascht ...
  • D'AMAL beim VMCC an Australien

    NOT ALL WHO WANDER ARE LOST vum Liz & Aparicio Gomez E laangt Liewe voller Wanderen huet eis op d’Sich geschéckt, esou vill Memberen vun der New Imperial Association (an ...
  • Tour de Provence 2025

    Den Tour de Provence, organiséiert vum Moto Club Senas Durance, huet bei engem Grapp voll AMAL Memberen schonn bal Traditiounsstatus. Dëst, well den Tour éischtklasseg organiséiert ass an en och ...
  • (re)Tour de Kick 2025

    Den Weekend vum 19. - 21. September hat d’AMAL hier éischt Editioun vum (re)Tour de Kick, engem Motostour fir Motorrieder vun virun 1950, organiséiert. Mir waren eis bewosst, dass eleng ...
  • Giants Run 2025

    Den 23. Mee hunn sech 5 AMAL Memberen op den Wee an England gemaach, fir um Giants Run, engem Event fir Girder Fork Motorrieder, also Motorrieder mat enger Trapezgafel, deelzehuelen. ...
  • D'AMAL um Autojumble 2025

    Och dëst Joer war d’AMAL erëm mat engem flotten Stand op dem Autojumble, den vum 22. bis zum 23. Mäerz vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an der Luxexpo organiséiert ginn ...
  • (re)Tour de Kick

    Der AMAL hieren neien Tour fir Motorrieder vun virun 1945. Vum 20. bis zum 21. September treffen sech d'Amateuren vun denen ganz aalen Maschinnen zu Ettelbrëck um Camping fir zesummen ...