Motorrieder vun eisen Memberen: Dem Liz an Apa Gomez hir New Imperial

Mir sinn d’Liz an den Apa Gomez, AMAL Memberen an am Moment déi eenzeg New Imperial Owners Association (NIOA) Memberen zu Lëtzebuerg. Mir sinn am Joer 2020 mat der Marque New Imperial an Kontakt komm an hunn säitdem en grouss Affinitéit zu den Modeller vun däer Marque souwéi zu den Leit aus der AMAL an der NIOA entwéckelt.

Eis éischt New Imperial ass en Model 2 vun 1929 mat enger interessanter Geschicht: ursprénglech ass d ‘Maschinn an Dänemark exportéiert ginn, wou se am Mee 1929 fir d ‘Éischt ugemellt ginn ass. D ‘Serien-Nummeren beleeën, dass den Kader am Februar 1929 gebaut ginn ass an den Motor am Mee 1929. Den Deckel vun dem Zündungsundriff dréit eng Plaquette, déi d’Kubikzuel, d‘Serien-Nummer souwéi d ‘Gewiicht vun der Maschinn ugëtt.

 

Beluecht ass, dass den Model 2 ‘Light Tourist’ an England, wéinst sengem Leergewicht vun ënner 100 Kg, vun der Steier befreit war. Et kéint ënner Ëmstänn sinn, dass dat d’ Ursach oder d ‘Conditioun fir den Export an Europa war.

Den Historique vum Motorrad ass bis 1938 gudd dokumentéiert an mir wëssen, dass d ‘Maschinn vun sengem Besëtzer bis mindestens Mee 1940 gefuer ginn ass, well en Benzinsratiounen-Stempel vun der Kopenhagener Police bei den Dokumenter dobäi ass. Schliisslech war 1940 Dänemark vun den Däitschen besat.

No dem Krich fannen sech dann weider Benzinsratioun-Stempelen an den Dokumenter, dëst vun den Joeren 1946, 1947, 1948 an 1950 zeréck. Den läschten, dokumentéierten Bensinsstempel vun der Police ass vum Februar 1956 an duerno verléiert sech d‘Spur bis dass d ‘Motorrad am Joer 2020 an Däitschland aus der Versenkung gehuewen ginn ass.

Während dem Krich war et dem Besëtzer onméiglech, Ersatzstécker vir d ‘Maschinn ze kréien esou dass verschidden Noutléisungs-Adaptatiounen virgeholl ginn sinn, wei zum Beispill d ‘Ännerung vun allen Schrauwen an Gewënner an den Metrëschen System souwéi en ofgeännerten Kabelbam mat enger anerer Luucht.

D ‘Restauratioun vun der Maschinn huet 3 Joer an Usproch geholl an war nëmmen méiglech mat der Hëllef vum Adas Janusaukas, dem David Jarvis, dem Chas Lipscombe an dem Andy Dean. Während der Zäit hunn mir d’Denkweis vun den Ingénieuren aus den 20er Joeren kennen geleiert an lues an lues verstan, firwat verschidden Saachen op hier Manéier gemaach ginn sinn. Eng wierklech flott Experienz.

Zousätzlech dozou hunn mir Festgestallt, dass New Imp- Enthusiasten souwéi d’AMAL Memberen gréisstendeels aussergewéinlech Charakteren sinn wou mir eis wuel fillen an gutt dozou passen. Soumat hunn mir interessant Motorrieder an interessant Leit kennen geleiert; wat wëll een Méi?!?

Während dem Banbury Run 2022 an England, ass d’Liz dem Charme vun den Flat Tankers, also den Entretube Modellen vun New Imperial verfal. Kuerz drop ass an dem NIOA Newsletter en 1928 er Model 2 annoncéiert ginn, den direkt kaaft an op Lëtzebuerg bruecht ginn ass. Wei mir dunn fir d ‘Éischten Kéier den Motor gestart hunn, waren mer eis nët secher, ob mir en Motorrad oder eng Niwwelsmaschinn kaaft hätten. Glécklecherweis hunn d ‘Noper eis net d ‘Police geschéckt...

Den David huet (niewent enger Wull aneren gesichten Stécker) en passenden Iwermoos-Kolwen mat passende Kolwenrëng fir eis fonnt an nodeems mir den Motor rëm zesummen gebaut hunn aus aus der Niwwelmaschinn en klasseschen Säitenventiler aus der Zäit ginn, den just nach ab und zu seng natierlech, kleng blo Wollek erausgeheit.

Mëttlerweil sinn déi zwou Maschinnen bal fäerdeg (engem Artist seng Aarbecht ass nie gedoen) an lafen ganz uerdentlech. An nächster Zäit kréien se nach hier Acetylen Luuchten, d’29er hiren fehlenden Gepäckdréier an e puer weider, kosmetesch Ännerungen.

Well d ‘Restauratioun an d’ Zesummebaue am Endeffekt länger gedauert hunn wei ursprénglech virgesinn, hunn mir vill vun den geplangtenen Evenementer vum Joer 2023 verpasst; ënner anerem den Dorset Giants Run, den Banbury Run, den Tour de Luxembourg an den Alen Zwier. Zum Gléck konnten mir awer ufanks September eis zwou Maschinnen um History Vehicles Lasauvage ausstellen, wou d’AMAL en gudd gefëlltenen Stand hat an déi zwou New Imps och op vill Intérêt gestouss sinn.

D ‘Fransousen tendéieren dozou, New Imperial mat New MAP, der franséischer Marque vun Lyon, déi vun 1918 bis an déi spéit 1950er Joeren Motorrieder assembléiert hun, ze verwiesselen. Mee zum Gléck huet d’Jane vun der NIOA eis en gudden Historique vun der Marque zoukommen gelooss, den mir op franséisch iwwersat hunn an domat vir Kloerheet konnten suergen.

Mir haten bis elo mat den Motorrieder souwéi den Leit, déi mir doduerch kennen geleiert hunn, eng schéin Zäit an freeën eis op Alles, wat nach kënnt...

Leave a reply