-
Motorrieder vun eisen Memberen: Dem Liz an Apa Gomez hir New Imperial
Mir sinn d’Liz an den Apa Gomez, AMAL Memberen an am Moment déi eenzeg New Imperial Owners Association (NIOA) Memberen zu Lëtzebuerg. Mir sinn am Joer 2020 mat der Marque New Imperial an Kontakt komm an hunn säitdem en grouss Affinitéit zu den Modeller vun däer Marque souwéi zu den ... -
Ofschloss-Tour 2023
No enger vollgepaaktener Saison mat villen flotten Evenementer, schéinen Tier an och villen neien Memberen war et um Samsdeg, den 7. Oktober un dem traditionellen Ofschloss-Tour. Dëst Joer konnten d’AMAL-Memberen sech emol eng Kéier bei beschtem Summerwieder fir den Ofschloss-Tour treffen (dat war die läschten Joeren jo net ëmmer esou). ... -
Kiwanis History Vehicles Lasauvage
D’AMAL war dëst Joer vun den Kiwanis Esch/Alzette gefrot ginn fir eng Ausstellung an der desakraliseierter Kierch vun Lasauvage zum Thema Renn-Motorrieder ze organiséieren, dëst am Kader vun hirem alljährlechen History Vehicles Lasauvage. Wëll nun mol Renn-Motorrieder net an all zweeter Garage stinn war séier kloer, dass esou eppes hei ... -
Tour de Provence 2023
Am August dëst Joer hunn op en Neits e puer AMAL Memberen um Tour de Provence pour Motos Anciennes deelgeholl. Dësen Tour, fir Motorrieder virun 1945, huet vum 23. bis 26. August zu Senas am Süden vun Frankräich stattfonnt. Organiséiert fir déi 32. Kéier vum Moto Club Sénas Durance, ass ... -
Arbre à Cames 2023
Freides, den 21 Juli, um Dag vum Belschen Nationalfeierdag, haten d’Arbre à Cames Associatioun, en Member vum VMCB, op hiren alljährlechen Arbre à Cames-Tour invitéiert. Bei der dës jäereger 20. Editioun, waren och erëm e puer AMAL-Memberen mat vun der Partie. Getraff gouf sech moies um 9h00 zu Arbre, enger ... -
50 Kubiktreffen Biekerech
Sonndes, den 16. Juli haten d’Oldtimerfrënn Biekerech op hiert 50 Kubiktreffen op Biekerech invitéiert. E puer AMAL Memberen hunn sech d ‘Geleeënheet net huelen gelooss, fir mat hiren Maschinnen vun der Drëppe Glas-Klass bis Baujoer 1989 deelzehuelen. Um Site vun der Millen zu Biekerech gouf sech am Kader vun enger ... -
Porte Ouverte bei der Collection Thiry
Samsdes, den 1. Juli huet d’AMAL en Tour op Habay-la-Neuve gemaach, wou d’Collection Thiry eng Journée Porte-Ouverte organiséiert hat. Getraff gouf sech wei ëmmer zu Brouch um Parking bei der Kierch, vun wou aus et Richtung Habay gaangen ass. Wéinst dem schlechten Wieder sinn mir all mat den Autoen dohin ... -
Kultour 2023
Den 03. Juni 2023 hunn sech 17 AMAL-Memberen um 9 Auer Moies zu Brouch fir eisen alljährlechen Kultour getraff. Bei beschtem Summerwieder hunn mer eis um halwer 10 op den Wee an Richtung Musel gemaach, well d ‘Destinatioun, déi den Mike Koedinger eis fir den desjäeregen Kultour ausgesicht hat, am ... -
Marche - Bastogne - Marche
Den 14. Mee 2023 hunn e puer vun eisen Memberen un der Rallye Marche – Bastogne – Marche, organiséiert vun der asbl Moto Retro Famenne Ardenne äus der Belsch, deelgeholl. Getraff gouf sech zu Marche-en Famenne am Centre Culturel et Sportif, fir duerno op ca. 160km, mat Motorrieder vun virun ... -
7ème Promenade Gillet-Herstal zu Dinant
Den 30. Abrëll 2023 hunn e puer vun eisen Memberen un der 7ème Promenade Gillet-Herstal zu Dinant, an der Belsch, deelgeholl. Dësen flotten Event, all 3 Joer vum Vincent Derdeyn an Yves Campion fir den RVMCB organiséiert, ass fir Motorrieder vun der Marque Gillet reservéiert, egal ob se an der ...




